Drogenaffär vu Waasserbëlleg"D'Affär huet der Rue de Strasbourg ugefaangen a geet zu Stroossbuerg op en Enn"

RTL Lëtzebuerg
D'Cour de Cassation huet an der "Drogenaffär vu Waasserbëlleg" de Pourvoi vum presuméierten Haaptmann a Proprietär vum Haus zu Waasserbëlleg zeréckgewisen.
© RTL-Archiv

Et bleift deemno fir hie beim Uerteel aus zweeter Instanz. D'Cour d'appel hat de Mann am Februar zejoert zu enger Prisongsstrof vun 12 Joer an zu enger Geldstrof vun 10.000 € condamnéiert.

An enger 1. Reaktioun op d'Uerteel vun der Cour de Cassation huet den Affekot vum presuméierten Haaptmann en Donneschdeg de Moien e flott Bild gebraucht: "L'affaire qui a débuté rue de Strasbourg se terminera à Strasbourg, au quartier de la Robertsau, siège de la Cour européenne des Droits de l'Homme, et, donc, l'étape importante qui a pris fin aujourd'hui est une étape, reste une étape!"

Drogenaffär Waasserbëlleg - Cour de cassation 31.10.19

Mat der Cassatioun sinn zu Lëtzebuerg all d'Rechtsinstanzen duerchlaf; de Wee dohin huet awer deen nächsten opgemaach, an zwar deen, fir ebe virun den Europäesche Mënscherechtshaff zu Stroossbuerg ze zéien. Am Virfeld vum Uerteel vun en Donneschdeg hat de Me Ahmed-Boudouda mat sengem Mandant doriwwer geschwat, e Mandant, fir dee Stroossbuerg och keen Neiland ass: "Tout à fait! Monsieur a effectivement déjà gagné une affaire contre le Luxembourg, dans le cadre, justement, de ces faits-là! Donc, nous sommes confiants!"

Un den Affekot vum presuméierten Haaptmann war et dofir d'Fro, ob Hoffnung bleift? "Il reste toujours de l'espoir, toujours, toujours!", sou de Me Ahmed-Boudouda.

De Me Ahmed-Boudouda huet donieft ervirgehuewen, dass säi Client nach ëmmer am Prisong wär, d'Situatioun op der Stater Gare sech allerdéngs net der Däiwel verbessert hätt. Säi Mandant wär deemno vläicht net de Chef vum Drogenhandel gewiescht, fir deen hie gehale gouf!

Déi am Ganzen 21 Ugekloten haten zu Waasserbëlleg an am Garer Quartier an der Stad Droge verkaf. Am Oktober 2015 war dësen Drogereseau opgeflunn.

Back to Top
CIM LOGO