
Derbäi kommen der 5.500 am Beräich Psychiatrie. 40.000 Patiente koumen an d’Urgencen oder an d’Poliklinik. An der Pediatrie si bal 14.000 Mineure passéiert. Dat deelt de Grupp am Joresrapport mat.
30.000 chirurgesch Operatioune goufe gemaach. Et goufe gutt 24.000 Seancen am IRM gezielt. Dat si just e puer Zuelen, déi am Rapport ze fanne sinn.
Beim Grupp schaffen 2.326 Collaborateuren. 304 Doktere sinn do engagéiert. Zum Schuman-Grupp gehéieren d’Spidol um Kierchbierg, sou wéi d’Bohler-Maternité, d’Zitha-Klinik an d’Clinique Sainte-Marie zu Esch, wou de Volet Geriatrie ënnerbruecht ass.