Identitéit vu Läich bei TemmelsDäitsch Police schafft enk mat Lëtzebuerg zesummen, DNA-Analys leeft

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Pressespriecher vun der Tréierer Police, den Uwe Konz, betount, wier et wichteg, d'DNA-Analys ofzewaarden an net iwwer d'Identitéit ze spekuléieren.
Identitéit vu Läich bei Temmels
Däitsch Police schafft enk mat Lëtzebuerg zesummen, DNA-Analys leeft

Virun 2 Deeg hätt ee wéi gesot den Indice vun engem Zeie kritt, dass sech d’Läichendeeler bei Temmels géife befannen.

D’Situatioun hätt sech och sou duergestallt, wéi dat vum Zeien duergestallt gouf, ma eng Identitéit vum Affer ass weider onkloer, sou den Uwe Konz am RTL-Interview: “Wir haben Leichenteile gefunden und haben dann im Anschluss daran natürlich eine große Absuche in diesem Fundbereich gestartet, um zu sehen, gibts noch mehr Teile, gibt es irgendwelche Gegenstände die auf die Identität dieser Person hinweisen. Das haben wir gestern abgeschlossen und der Status Quo ist, dass wir noch nicht wissen, um wen es sich handelt und dass wir auf das Ergebnis der gerichtsmedizinischen Untersuchung, insbesondere der DNA-Analyse warten und angewisen sind, um dann hoffentlich einen Namen zu finden von der Person, die wir hier in Teilen gefunden haben.

Den Uwe Konz, de Pressespriecher vun der Police vun Tréier

D’Police géif an dësem Fall sou séier wéi méiglech schaffen, et kéint een awer säitens der Police vun Tréier net soen, wéi laang d’Geriichtsmedezin géif brauchen, fir Resultater ze publizéieren.

D’Police vun Tréier wëll bei enger méiglecher Verbindung mam Diana S. op kee Fall spekuléieren: “Wir sind natürlich in sehr engem Austausch mit den Kollegen aus Luxemburg, selbstverständlich. Aber wir ermitteln wie immer in alle Richtungen. Es gibt Vermisstenanzeigen, es gibt ungeklärte Todes-Ermittlungsverfahren, es gibt eventuell auch noch Verfahren, die wir nicht kennen oder wissen dass es sie gibt. Von da her sind wir im Moment noch ganz offen in den Ermittlungen, wir ermitteln in alle Richtungen.

Den Uwe Konz vun der Tréierer Police

Sécher schéngt, dass den Doudesfall wuel aus dësem Joer ass, e geneeën Zäitpunkt vum Doud kéint een awer nach net nennen, sou den Uwe Konz: “Also das ist sehr, sehr schwierig, sie wissen wie die Witterungsverhältnisse waren, dementsprechend reagiert auch ein totes Gewebe. Wir haben es nicht mit einer überalterten mumifizéierten Leiche beispillsweise zu tun, sondern es dürfte sich um einen Todesfall aus diesem Jahr handeln.

An der Press war driwwer spekuléiert ginn, déi stierflech Iwwerreschter, déi zu Temmels fonnt gi sinn, kéinten a Relatioun stoe mat der zerstéckelter Läich vun enger portugisescher Fra vun Dikrech, déi Mëtt September zu Mont-Saint-Martin a Frankräich fonnt gi war. En 48 Joer ale Mann sëtzt an deem Kontext zanter bal engem Mount an Untersuchungshaft zu Schraasseg. Ob et effektiv e Lien gëtt oder net, doriwwer wollt den Uwe Konz am RTL-Interview net spekuléieren. Et géif ee wéi gesot an all Richtungen enquêtéieren. Fir de Rescht wier just sécher, datt et sech ëm en Doudesfall vun dësem Joer handelt.

D’Lëtzebuerger Justiz ass och mam Parquet vun Tréier a Kontakt. Et wier aktuell net méiglech, ee Lien mat der Läich vu Mont-Saint-Martin ze confirméieren oder ze dementéieren, krute mer och do op Nofro hi gesot.

Grujeleg Decouverte bei Temmels (D): Läichendeeler op Parkplaz fonnt, eventuell Lien mat Mont-Saint-Martin

Back to Top
CIM LOGO