Läichendeeler op Parkplaz fonnt, eventuell Lien mat Mont-Saint-Martin
© RTL
Fonnt goufen d'Iwwerreschter direkt un der Grenz zu Lëtzebuerg. Net confirméiert sinn d'Infoe vun däitsche Medien, dass d'Affer vun Dikrech soll sinn.
Op engem Parking, net wäit vun Temmels, un der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz, goufen déi mënschlech Kierperdeeler entdeckt, méi genee bei der L136 tëscht Temmels a Fellerich. Um Parking selwer, deen nach e klengt Stéck méi héich wéi Temmels läit, gesäit een direkt erof op d'Musel, an direkt hannendrun läit den Hafen zu Mäertert.
© Google Maps
D'Plaz gouf dunn direkt en Dënschdeg groussraimeg ofgespaart. Et huet sech och mëttlerweil confirméiert, dass et sech effektiv ëm Läichendeeler handelt, esou d'Police vun Tréier an hirer Kommunikatioun e Mëttwoch. D'Läichendeeler wieren an Hecken net wäit vum Parking fonnt ginn. Ënnert anerem war och déi Lëtzebuerger Police bei der grousser Sichaktioun bedeelegt, wéi déi Tréierer Noriichtesäit "News TR" mellt. D'Persoun ëm déi et geet, gouf awer nach net identifizéiert, esou déi däitsch Police.
News TR schwätzt elo schonn dovunner, datt d'Affer eng Fra vun Dikrech kéint sinn, sou dass e Lien mam Grand-Duché nees do wier. Weider mellt d'Medium, dass éischten Ermëttlungsstänn no bis ewell d'Been an de Kapp vun der Läich fonnt gi wieren. Dëst sinn ausdrécklech keng offiziell Informatioune vun der Police a goufen och bis ewell net confirméiert.
D'Police judiciaire vun Tréier huet d'Ermëttlungen dann och elo iwwerholl. E Mëttwoch gouf d'Plaz weider ofgesicht, heescht et am däitsche Policebulletin. Weder zu der Identitéit, nach vu wou d'Affer kënnt, kéint ee bis ewell eppes Konkretes soen. Zeien hunn dem "Trierischer Volksfreund" gemellt, dass d'Plaz selwer nach bis e Dënschdeg hell beliicht war.
Fir d'Police vun Tréier wier et elo mol wichteg, iwwert d'Geriichtsmedezin ze probéieren, en Numm an e Gesiicht ze fannen, déi bei d'Decouverte passe géifen, esou de Spriecher Uwe Konz dem Volksfreund géigeniwwer. Et géif sech hei kloer ëm en aktuellt Verbriechen handelen. Et géif elo gepréift ginn, wéi eng vermësste Persounen et géif ginn an och, ob et sech ëm en neit Verbriechen handelt. Dorënner géifen explizitt och Fäll aus der Grenzregioun falen.




Lien mam Fall vu Mont-Saint-Martin?
An zu dëse Verbriechen géif och e Fall aus dem Grand-Duché falen. Mëtt September gouf jo zu Mont-Saint-Martin eng zerstéckelt Läich vun enger Fra aus Lëtzebuerg fonnt. Et huet sech hei ëm eng portugisesch Fra gehandelt, déi am Norde vum Land gewunnt huet.
Zënter dem 5. Oktober 2022 sëtzt an deem Kader jo e 48 Joer ale Mann an Untersuchungshaft zu Schraasseg. De Mann kritt vum Lëtzebuerger Parquet Mord virgehäit. E konkreten Zesummenhang tëscht béide Fäll géif elo vun der däitscher Police gepréift ginn, sou de Spriecher vun der Tréierer Police.
„D'Lëtzebuerger Justiz ass mat der Staatsanwaltschaft vun Tréier a Kontakt. Et ass aktuell net méiglech ee Lien mat der Läich vu Mont-Saint-Martin ze confirméieren oder ze dementéieren. Et mussen d’Resultater vun den Analysen, déi am Gaang sinn, ofgewaart ginn.
Déi däitsch Police judiciaire hat hir Lëtzebuerger Kolleege vun der Police judiciaire kontaktéiert, déi dorop hin als Observateuren zu Temmels dobäi waren.“