Dat sot d'Santésministesch Paulette Lenert e Méindeg de Moien, nodeems si den Deputéierte vun der parlamentarescher Gesondheetskommissioun um Krautmaart nach eemol de Point vun der aktueller Covid-Situatioun gemaach huet.
D'Situatioun ass nach ëmmer ugespaant an et géing een dofir och Dag fir Dag mat grousser Opmierksamkeet déi kleng Indicateure suivéieren, déi aktuell an d'Richtung vun enger Baisse géingen hindeiten, sou d'Paulette Lenert.
„Ech schwätzen do vun de Kläranlagen eben, déi dat eventuell undeiten. Dass mer do ganz genau suivéieren, fir ze kucken, ob sech dat elo bestätegt dës Woch oder net. Dat ass fir eis eng fragil Situatioun, wou ee seet, ok dat ass e liichten Indicateur, mä e geet fir mech awer elo net duer fir ze soen, domadder sinn mer elo op der klorer Tendenz erof. Dat heescht dat ass eppes wat mer als fragil aschätzen a weider och wierklech ganz genau beobachten elo am Laf vun dëser Woch, fir ze kucken, ob mer elo nach déi Tendenz kréien, déi mer eis duerch d'Verlängerung vun dëse Mesuren erwaarden oder net.“
Et wäre jo keng nei Mesurë geholl ginn. Deemno wär een an enger Logik vu Verlängerung an dofir wéilt een dës Woch gesinn, wéi dës wierken an no-räifen, op een eng Tendenz kréich oder eben net. Och de Lockdown an Däitschland géing do näischt drun änneren.
„Mir haten och e komplette Lockdown a Frankräich an an der Belsch schonn. Also mir maachen eis eegen Analysen hei mat aller Flexibilitéit, déi einfach de mise ass zu dësem Zäitpunkt. T'ass eng Situatioun, déi kritesch ass an et ass einfach ze kucken, wat geschitt Dag fir Dag bei eis. D'Situatioune variéieren an de Länner an et ginn deementspriechend och Zäitpunkten. Wann der dat kuckt ronderëm eis, do ass elo keen op den Dag alignéiert, jidderee kuckt dat bei sech.“
Onofhängeg dovunner wat am Ausland geschitt, bleift d'CSV bei der Meenung, dass d'Mesuren ze spéit koumen an net weit genuch ginn, betount den Deputéierte Claude Wiseler no der Reunioun de Moien.
„Eis Infektiounszuelen, respektiv déi Zuele vun de Leit déi zu Lëtzebuerg stierwen, si wesentlech méi héich wéi an Däitschland. Wann ech kucke wat iwwer Lëtzebuerg an der däitscher, franséischer a belscher Presse steet, dann ass dat äusserst problematesch fir eist Land, mee dat wat wichteg ass, dat ass dass eis Infektiounszuelen sou schrecklech héich sinn, dat déi Leit déi hei zu Lëtzebuerg stierwen, dat déi Zuelen enorm héich sinn. Dat een do independent vun dem wat am Ausland geschitt oder net geschitt, dass een zu Lëtzebuerg dorop misst reagéieren. Dat ass dat wat mir zanter Woche plädéieren, mä dat ass dat wat net geschitt hei.“
Aktuell goufen et deemno keng nei Ännerungen um aktuelle Covid-Gesetz, dat en Dënschdeg bis de 15. Januar verlängert gëtt.