
Dat steet d’Alia eng knapp Woch virun de Walen. D’Medienopsicht huet an deem Kader op enger Pressekonferenz hire White-Paper presentéiert, an deem si aacht Punkte festgehalen hunn, op deenen an hiren Ae geschafft misst ginn. An do ass och d’Walcampagne domat viséiert.
Dem President vun der Alia Thierry Hoscheit no misst de Volet vun de Missioune vun der Medienopsicht a puncto Walcampagne ausgebaut ginn: Engersäits, fir datt méi Medie couvréiert ginn, net just d’ëffentlech-rechtlech, mä all déi aner Radio an Tëleeën och an den Internet, d’sozial Medien an d’Internetsitte sollen iwwerwaacht ginn.
Den zweeten Aspekt ass dee vun der Zäit. De Moment ass d’Walcampagne fënnef Woche virun de Walen, mir stellen eis vir, och op déi Zäit virdrun kënnen e Bléck ze werfen, sief et just, fir kënnen ze soen, wat an där Zäit geschitt ass.
No 30 Joer Mediegesetz misst een allgemeng der aktueller Situatioun Rechnung droen. D’Medieregulatioun géif eben net méi just aus Radio an Tëlee bestoen. Also mengen mer, datt een déi Reegelen och un aner Diffusiounskanäl iwwerdroe (misst), fir d’Leit ze schützen an z’informéieren.
Ënnert anerem misste wärend der Walcampagne net just déi ëffentlech-rechtlech Medien, mee och déi Privat, den Internet an d’sozial Medie kontrolléiert ginn. Allgemeng kéint et net méi sinn, datt den Internet komplett ausserhalb vun der Medieregulatioun läit, betount de President vun der Alia Thierry Hoscheit:Internet comportéiert all méiglech Contenuen, déi eventuell kënne problematesch si par rapport zum Jugendschutz, Hate Speech etc. Mir mengen, de ganzen Internet misst enger Regulatioun ënnerleien.
D’Alia wënscht sech och eng méi koordinéiert Medienerzéiung net just fir Kanner a Jonker.
Wichteg wier et an hiren Aen donieft och, datt de “Gaming”, also Spiller iwwer Internet, e legale Kader kréien. Fir datt d’Medienopsicht hir Aarbecht uerdentlech an effikass ka maachen, bräicht ee méi finanziell a mënschlech Ressourcen, huet de President Thierry Hoscheit nach betount.