Zanter 1. JanuarDampmelder sinn obligatoresch awer keng Excuse fir Assurancen

Lynn Cruchten
“E passt op Iech op – de Rauchmelder”, ënnert deem Motto hat de CGDIS seng Campagne lafen, fir deen Apparat, dee Liewe ka retten.
Dampmelder sinn obligatoresch
“E passt op Iech op – de Rauchmelder”, ënnert deem Motto hat de CGDIS seng Campagne lafen, fir deen Apparat, dee Liewe ka retten.

Zënter dem 1. Januar dëst Joer sinn d’Dampmelder zu Lëtzebuerg obligatoresch. All Wunneng an Haus muss deemno mat op d’mannst engem Rauchmelder pro Schlofkummer plus een am Gank, also um Fluchtwee equipéiert sinn. Bei Neibaute mussen d’Dampmelder vun elo un direkt mat virgesi ginn. Proprietären a Locatairen a bestoende Wunnengen an Haiser hunn 3 Joer Zäit nozerëschten. Wee sech net un d’Gesetz hält, spréch kee funktionelle Rauchmelder am Stot huet, riskéiert keng Strof, ma hie bestrooft sech selwer, heescht et vum CGDIS. Hei géif de gesonde Mënscheverstand spillen, seet och de Marc Hengen, Administrateur délégué vun der ACA, der Lëtzebuerger Associatioun vun den Assurancen.

Extrait Marc Hengen

Dampmelder rette liewen, dat ass och bewisen an dofir ass dës Obligatioun och eng gutt Iddi, seet de Marc Hengen vun der ACA. Den Assureur kann awer elo net soen: "Den Dampmelder war net do oder d'Batterie war eidel an ech bezuelen elo dowéinst net." Et steet eben am Gesetz, datt déi Argumentatioun net genotzt ka ginn. Et ass net wéinst der Feierversécherung, mä wéinst dem Liewe selwer, wou een dat soll maachen.

Fir Feelalarmen duerch beispillsweis Waasserdamp ze verhënneren, gëtt ënner anerem dovun ofgeroden, den Feiermelder am Buedzëmmer, der Garage oder no bei der Kachplack unzebréngen. 2018 hat den Inneministère all Stot e gratis Rauchmelder zur Verfügung gestallt. Esou Apparater, déi mat Batterie funktionéieren, kritt een awer och ze kafen. Wichteg ass et, ze kontrolléieren, ob se och funktionéieren. Weider Informatiounen zu der Dampmelderflicht fënnt een um Internetsite www.rauchmelder.lu.

RTL.lu: Den Alain Klein vum CGDIS erkläert de System vun den Dampmelder

Back to Top
CIM LOGO