
D'Form vum Zerwiss, déi de Formatiounszenter ubitt, wier net méi déi, déi hautdesdaags gebraucht géing ginn an och vum Ministère gefrot géing ginn, sou den Dan Kersch.
Et wier och ouni Succès versicht ginn, de Responsabele vum Reseau dat kloer ze maachen. Et wier notamment proposéiert ginn, datt d'RTPH-Mataarbechter an de Gebailechkeete vun der Adem eng Präsenz kritt hätten, fir datt d'Chômeure sech net eng zweete Kéier missten deplacéieren. Et wier awer keng Rieds gewiescht, fir d'Employéen op d'Aarbechtsamt ze detachéieren, präziséiert den LSAP-Politiker.
Dat wier den Hannergrond vun der Saach, sou de Minister. Ma zum definitive Broch wier et awer nach wéinst eppes ganz anescht komm. Den Dan Kersch schwätzt vun engem Vertrauensbroch. Vum Ministère aus geet eng Konventioun un d'Organisatioun. Déi Organisatioun schéckt se ënnerschriwwen zeréck, awer mat Ännerungen dran.
Wann d'Beamten net genee gekuckt hätten, wier net dat dra gewiescht, wat de Staat gebraucht hätt, seet de Minister a schwätzt vun engem "No Go" a vun enger Vertrauensbasis, déi dee Moment fort war. Dofir wier d'Konventioun och net verlängert ginn.
Dat Ganzt wier och net réckwierkend geschitt. Et hätt ee virum Oflafe vun der leschter Konventioun kloer gesot, datt d'Konventioun an der doter Form net méi géing weidergefouert ginn. Et wier net richteg fir ze soen, datt 6 Mataarbechter elo géingen op der Strooss landen. Déi Leit kréichen eng Offer, bei der ADEM oder anerwäerts.
De Minister wéilt och selwer mat de Mataarbechter schwätzen, fir d'Hannergrënn vun der Aktioun ze erklären.
Wann de Staat en Zerwiss akeeft, misst en och decidéiere kënnen, wat en akeeft, sou de Minister. Dee Message wier beim RTPH net ukomm a lo wier déi fruchtbar Zesummenaarbecht eben no iwwer 20 Joer eriwwer.
"Mir hunn den 3. Oktober gesot kritt, datt mir réckwierkend op den 30. Juni keng Konventioun méi hunn. Mir kënnen net méi funktionéieren. Mir hunn eis Leit missen op den éischten Oktober entloossen. Mir hunn och zënter September keng Pai méi bezuelt", seet d'Lydie Künsch, Coordinatrice vum RTPH.
D'Mataarbechter hätte just eng eventuell Méiglechkeet op der ADEM an Aussiicht gestallt kritt. Wat ass d'Argument vum Ministère? De RTPH wier kee Complement méi zur Adem. D'Adem kéint dat och alles, sou heescht et vun der Coordinatrice.
Hannergrond vun der Diskussioun wier effektiv de Wëlle vum Ministère, fir d'Mataarbechter vum Reseau an d'Adem ze integréieren, se awer weiderhin ënnert dem RTPH-Kontrakt schaffen ze loossen, seet d'Lydie Künsch. "Dat wier legal, net richteg an et hätt ee sech gewiert."
De fréiere Minister Nicolas Schmit hätt dat och agesinn an d'Thema wier bei him séier vum Dësch gewiescht, ma mat der Arrivée vum Dan Kersch wier d'Saach nees op d'Tapéit komm. Am Projet fir eng nei Konventioun, déi de Ministère am Fréijoer proposéiert hätt, wier genee deen Detachement bei der Adem nees virgesi gewiescht. Den RTPH hätt doropshin eng Géigepropose gemaach. "Dat war dunn den Eclat. Per Mail krut ee gesot, datt et elo fäerdeg wier", esou d'Lydie Künsch.
Am zweeten Ulaf hätt de Reseau de Konventiounsprojet vum Minister dunn awer wëllen acceptéieren, ma ouni Succès. D'Lydie Künsch schwätzt generell vun enger gewësser Atmosphär: "Et gëtt versicht, den Daum dorop ze halen, bëssen e kommunistesche System. Ech fannen et schlëmm, datt et dem Ministère egal ass, datt 6 Leit op der Strooss sëtzen, dorënner eng schwanger Fra."
Et hätt een och dem Premier Xavier Bettel geschriwwen, et géif een nach op d'Äntwert waarden. Zënter 1997 gëtt et d'Beschäftegungsinitiativ, déi Leit op der Sich no enger Aarbecht begleet. Eegenen Aussoen no goufe méi ewéi 500 Dossiere pro Joer traitéiert, d'Succès-Quote wier zäitweis héich gewiescht. Bis 2014 wieren d'Leit fräiwëlleg komm, duerno goufe se via ADEM geschéckt, d'Resultater wieren du manner gutt gewiescht, esou nach d'Lydie Künsch. D'ASBL RTPH Consulting besteet iwwregens weiderhin, do gëtt mat Gemengen zesummegeschafft.