Top SecretD'Arbed-Schlass um Rousegäertchen

RTL Lëtzebuerg
De Siège vun der deemoleger Arbed gouf den 9. Dezember 1922 inauguréiert. Zanter November 2014 ass d'Spuerkeess den neie Proprietär.
Top Secret: D'Arbed-Schlass um Rousegäertchen
De Siège vun der deemoleger Arbed gouf den 9. Dezember 1922 inauguréiert. Zanter November 2014 ass d’Spuerkeess den neie Proprietär.

D’Gebai heescht mëttlerweil “19LIB” respektiv “19 Liberté”, ofgeleet vun der Adress 19 Avenue de la Liberté.

D’Renovatioune vum Gebai hu ronn 18 Méint gedauert, a goufen zesummen mam Architekt Jim Clemes am Respekt vum Denkmalschutz an am Esprit vun enger Modernisatioun realiséiert. De 5. Juli 2015 feiert den neie Proprietär d’Ouverture. D’Gebai déngt der Spuerkeess, fir privat Investisseuren an optimale Konditiounen an engem Dekor vu Luxus a Prestige ze begréissen.

Back to Top
CIM LOGO