C&A um KnuedlerDat bekannte Kleedergeschäft mécht den 3. Mäerz seng Dieren zou

RTL Lëtzebuerg
Ob d’Ursaach vun der Fermeture mat der Kris ze dinn huet, an där sech C&A befënnt, ass net gewosst...
© Carine Lemmer (Radio)

D’Kleedergeschäft C&A mécht um Knuedler an der Stad seng Dieren op den 3. Mäerz zou. D’Gemengeresponsabel sinn heiriwwer net informéiert, huet et op Nofro hi geheescht. D’Enseigne misst dat och net maachen, esou de Schäffe fir de Commerce, de Serge Wilmes. D’Gemeng misst just kontaktéiert ginn, wa Renovatiounen oder e neie Projet am Gebai realiséiert ginn, heescht, wann Autorisatioune vun der Stad Lëtzebuerg néideg sinn.

Et ass net gewosst, ob et en Zesummenhang tëscht der Ursaach vun der Fermeture an der Kris gëtt, an där sech C&A befënnt. Nach gouf et vun der Entreprise op Demande keng Äntwert. Zum Beispill ob nach weider Geschäfter hei am Land concernéiert sinn.

An Däitschland huet C&A annoncéiert, 13 Butteker zouzemaachen. A Frankräich sollen et der 30 sinn, do kéinten 200 Persounen hiren Job verléieren. Zanter 2017 schreift d’Firma rout Zuelen. Am Familljebetrib gëtt et Sträit, well et ënnerschiddlech Meenungen doriwwer gëtt, wéi C&A soll moderniséiert ginn, fir mat der Konkurrenz kënne matzehalen.

Back to Top
CIM LOGO