Prozessoptakt ëm Accident mat Äisskulptur"Dat Schlëmmst, wat ee sech ka virstellen"

Michèle Sinner
Um Stater Geriicht war e Méindeg Prozessoptakt, fir d'Responsabilitéit um trageschen Accident 2019 um Chrëschtmaart ze klären.
© Laurent Weber / RTL

Deemools war eng zwou Tonne schwéier Äisskulptur zesummegefall. Deeler dovun haten e knapps dräi Joer ale Bouf erschloen. Als éischt vun dräi Zeien huet e Méindeg d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ausgesot.

"Dat Drama, dat hei geschitt ass, ass dat Schlëmmst, wat ee sech ka virstellen", esou déi ganz ergraff Stater Buergermeeschtesch. Et wier wichteg, datt dee Prozess elo wier. Jidderee wéilt wëssen, wéi d'Accident méiglech war. Enn November 2019, just e puer Stonnen nodeems se fäerdeg opgeriicht war, ass d'Skulptur, d'Fassad vun engem Holzhaischen, ëmgefall. D'Foto vum klengen Emran um Schlitt virun der Fassad war an alle Medien. Mee den Accident ass hannendrun, hannert der Fassad geschitt. De Bouf war no der Foto an de Sputt tëscht dem Holzhaischen aus Äis an der Clôture vun der Äispist gaangen, wou seng Mamm Schlittschong gefuer ass. Do sinn d'Äisstécker op hie gefall an hunn hie widder d'Clôture gedréckt.

Dofir goung et e Méindeg vill ëm d'Fro, wéi d'Responsabilitéiten tëscht de Servicer vun der Stad Lëtzebuerg engersäits an dem Stater Tourismusbüro LCTO anerersäits, opgedeelt war, deen d'Stad Lëtzebuerg matfinanzéiert.

Deen hat de Kontrakt mam Sculpteur fir de Chrëschtmaart gemaach. Et war net déi éischte Kéier, datt een zesummegeschafft huet. Ma am Endeffekt wier et d'Stad Lëtzebuerg, déi zoustänneg wier fir d'Sécherheet, esou d'Lydie Polfer. Bei der Schueberfouer an aneren Evenementer géife Luxcontrol an d'ITM kucke kommen, ob alles an der Rei wier. Mee fir eng Äisskulptur géif et keng esou Normen oder Prozedure ginn. D'Buergermeeschtesch war awer formell: Wann de Sculpteur oder den LCTO gefrot hätten, datt anzwousch misst ofgespaart ginn, dann hätte si dat gemaach.

Justement dat huet den ugeklote Sculpteur e Méindeg gesot: Hien hätt d'Skulptur net dohi kënne placéieren, wou hie virgesinn hat, sou datt hannendrun kee konnt zirkuléieren. Doriwwer wier et zu enger Diskussioun koum. Him wier kee Choix gelooss ginn, esou de Sculpteur. No der Audience sot säin Affekot Antoine Lachenaud, säi Client "a insité très lourdement pour déplacer la statue non pas à l'endroit où elle était mise, mais un autre endroit, qui était la palisade de la patinoire, ce qui selon lui aurait très fortement réduit le risque de chute qui malheureusement s'est averé".

Bei wiem hien insistéiert huet, mat wiem hien diskutéiert huet, doriwwer wäert en Dënschdeg Rieds goen.

Ma säi Client wier net do, fir all Responsabilitéiten ofzestreiden. "C'est un homme, qui assume ses responsabilités, qui mesure la douleur de la famille et qui est là pour s’expliquer de manière loyale sans rien cacher."

All Dag géif hien un d'Accident denken. D'Lydie Polfer hat hirersäits gesot, wann d'Verantwortung eppes géing drun änneren, wat geschitt wär, da géif si se iwwerhuelen.

En Dënschdeg geet de Prozess also weider. Da gëtt de Sculpteur weider befrot.

Prozessoptakt am Fall Emran / Reportage: Michèle Sinner

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO