D'Europaschoul I um Kierchbierg ass e Méindeg de Moien zoubliwwen. Hannergrond dovunner ass eng konkret Menace, déi op eng Toilettendier geschriwwe gouf. Deemno gouf domadder gedreet, datt et e Méindeg zu enger Schéisserei an der Schoul géing kommen.
"Sidd prett", esou d'Warnung op der Dier.
Virun der Schoul si schwéier arméiert Poliziste positionéiert ginn. RTL-Informatiounen no sinn zanter 6 Auer och Polizisten am Gebai, mat ënnert anerem och engem Sichhond.

Sécherheetsbeamte vun der Schoul hunn dann och jiddereen, dee bei d'Schoul komm ass, nees fortgeschéckt.
E Spriecher vun der Police huet op RTL-Nofro bestätegt, dass et um Méindeg de Moien en Asaz bei der Europaschoul gouf, ouni awer Detailer ze nennen. Vum Educatiounsministère heescht et iwwerdeems, dass d'Decisioun, dass d'Coursen um Méindeg ausfalen, an der Autonomie vun der Europaschoul léich. Vun de Responsabele vun der Schoul selwer war et de Moie bis elo net méiglech, e Statement ze kréien.
Eltere vu Schüler hunn eis matgedeelt, dass si hënt eng Mail kritt hunn, dass d'Schoul haut géif zoubleiwen.

An de Busser, déi géint 8 Auer ukomm sinn, waren natierlech och Schüler dran, déi net matkritt haten, dass dëse Méindeg keng Schoul soll sinn. Deels waren och Eltere mat hire Kanner komm, déi net Bescheed woussten. Sécherheetsbeamte vun der Schoul hunn hinne gesot, si kéinten net erakommen. Et gouf allerdéngs en Accueil op der Plaz organiséiert fir déi Schüler, déi net einfach nees heem kommen.

Géint 8:30 Auer huet de Presseservice vum Stater Parquet matgedeelt, dass e Graffiti, deen d'lescht Woch a Sanitäranlage vun der Europaschoul fonnt gouf, dofir gesuergt huet, dass preventiv e Méindeg de Moie kee Cours gehale gëtt. Rieds ass vun "des graffitis à caractère préoccupant". Eng Enquête ass amgaangen.
Géint 11:30 Auer koum dann e weidere Mail vum Parquet. An dësem war et d'Nouvelle, dass de presuméierten Auteur vun de Graffitien identifizéiert gouf. Et géing sech ëm eng mannerjäreg Persoun handelen. D'Enquête an der Affär géing dann elo weiderlafen. De Parquet weist dann och drop hin, dass esou e Behuele grave Konsequenze kann hunn a mat bis zu fënnef Joer Prisong ka bestrooft ginn . Weider gëtt präziséiert, datt ee keng exzessiv Publicitéit fir esou Messagë sollt maachen.