Zanter engem Joer gëtt et am Grand-Duché eng zentral Ulafstell fir Affer vu Gewalt. Am Kader vum éischten Anniversaire vum nationalen Zenter gouf elo de Bilan virun der Press gezunn. Bannent engem Joer si bal 400 Persoune vum nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt en charge geholl ginn, also méi wéi een Affer pro Dag.

Schonn direkt den éischten Dag, wéi den nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt seng Dieren opgemaach huet, hu schonn éischt Persoune sech gemellt, erzielt d'Responsabel vum CNVV, Ashanti Berrend, déi sech iwwerrascht seet iwwer déi vill Dossieren. Domat hätt een net gerechent, mee et géing effektiv weisen, datt dat Konzept fonctionéiert an datt och absolutt Besoin fir deen Zenter do war.
Am Ufank war den Zenter just ëm gewëss Auerzäiten op, mee dat ass zanter dem 1. Mee anescht. En ass elo ronderëm d'Auer op an och d'Helpline 2060 1060 funktionéiert 24/7. Zil wier et, datt d'Hëllef op enger Plaz zesummekënnt an datt d'Affer net missten op vill verschidde Plaze goen, mee d’Hëllef ebe bei si kënnt, huet d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Yuriko Backes, ënnerstrach.
Nieft enger psycho-sozialer a medezinescher Prise en charge kann och sur place eng Plainte gemaach ginn. Nei si vun elo un och juristesch Consultatioune sur place. Mëttwochs am fréien Owend a freides an der Mëttesstonn wäerten Affekoten, déi spezialiséiert sinn am Droit des victimes, sech kënnen deplacéieren, fir konkreet Froen ze beäntwerten, déi am Zesummenhang sti mat Gewaltdoten, esou d'Justizministesch Elisabeth Margue.
D'Gewalt huet iwwerdeems vill Formen. Bei engem Drëttel vun alle Fäll, déi den CNVV an deem enge Joer traitéiert huet, huet et sech ëm psychesch Gewalt gehandelt, op zweeter Plaz kënnt kierperlech Gewalt mat 90 Fäll, an op drëtter Plaz kënnt sexuell Gewalt mat 27 Fäll. 60 Prozent vun de Leit, déi vum CNVV en charge geholl gi sinn, hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit. Ënnert den Affer si 45 Männer. A 70 Prozent vun de Fäll koum et zu Gewalt an der Famill.