De Fall Lyhanna huet a ganz Frankräich wéinst den Dysfonctionementer, déi zum Doud vum Meedche gefouert huet, zu Schock a Roserei gefouert. Affer- a Fraenassociatioune fuerderen, Plainte missten endlech seriö geholl ginn.
Hu mir genuch Moyenen zu Lëtzebuerg fir Mëssbrauchsfäll adequat ze traitéieren? Wat kann d'Lëtzebuerger Justiz maachen, fir datt Affer weider Vertrauen hunn an hiert Leed mellen?
Ënnert anerem dat froe mer e Mëttwoch de Moien de Procureur an der Stad, den David Lentz. Hien ass um 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.