Invité vun der Redaktioun (24. Juli) - David PereiraD'Virgoe vun der EU géintiwwer Israel ass eng Katastroph

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie waren ënner anerem d'Israel Bonds Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: David Pereira
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Mir mussen dach net op e legale Kader, op gréisser Instanzen waarden, fir dat ze maachen, wat moralesch richteg ass". Dat sot e Freideg de Moien den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg David Pereira am Kontext vum Virgoe vun der israeelescher Regierung géint d'Palästinenser an d'Äntwert vun den Europäer dorobber. D'Haltung vun der EU géintiwwer Israel wier "eng Katastrophe". Vu Lëtzebuerg fuerdert den David Pereira fir et der Belsch, Spuenien an Irland no ze maachen an den Import vu Produiten aus den Israeelesche Kolonien an de besate Gebidder ze stoppen. Jiddereen, all Staat kéint eppes maachen, fir dat internationaalt Recht ze schützen. Lëtzebuerg hätt wuel am September Palästina als Staat unerkannt, mä an engems wier dat dann mat de Bonds geschitt, do vermësst eisen Invité Kohärenz.

Moralescht Versoen vun der CSSF an aneren Instanzen

Amnesty International Lëtzebuerg hat nach en Dënschdeg virun de Büroen vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur géint déi temporär Decisioun vun der CSSF protestéiert, fir de Verkaf vun israeelesche Staatsemprunte via Lëtzebuerg ee Joer laang z'accordéieren. Déi leeft lo den 31. August aus an d'CSSF huet jo decidéiert, se net ze verlängeren. Den David Pereira huet bedauert, datt Amnesty International Lëtzebuerg schonn Uganks des Joers wéinst de Staatsemprunten ënnert anerem un de Regulateur geschriwwen hätt. Se hätten awer ni eng Äntwert kritt, weder vun der CSSF, nach vun aneren Instanzen.

Hie schwätzt vun engem "moralesche Versoen" an dat vu jidderengem, deen hätten kënnen d'Staatsemprunte refuséieren, mä dat net gemaach huet. Mëssstänn géifen einfach vill ze spéit verurteelt.

Et geet ëm wäit méi wéi d'"Israel Bonds"

An den Ae vum David Pereira géif den eigentleche Problem awer wäit iwwert d'"Israel Bonds" erausgoen. Den Direkter vun der Mënscherechtsorganisatioun zu Lëtzebuerg huet mat klore Wieder d'Mënscherechtsverstéiss vun der Netanjahu-Regierung an d'Krichsverbriechen vun Israel a Gaza denoncéiert. Amnesty reprochéiert der israeelescher Regierung "e Genocide" a Gaza begaangen ze hunn an en "Apartheid-System" installéiert ze hunn.

"Wat d'Europäesch Unioun fäerdeg bruecht huet ass eng Katastrophe"

An deem Sënn bedauert den Direkter vun der Associatioun och ausdrécklech d'Zréckhalung vun Europa géintiwwer Israel. D'EU hätt wuel Sanktioune géint Russland wéinst dem Ukrainkrich decidéieren, mä bei Gaza géif d'Europäesch Unioun bäi wäitem net genuch maachen.

All Staat kéint eppes maachen, och Lëtzebuerg, sou den David Pereira. Amplaz op aner, méi héich Instanzen ze waarden.

Fir d'"Permakris" am Logement ze léisen, brauch et ganz staark Mesuren

Zesumme mat der Unicef an der asbl "Solidaritéit mat den Heescherten" sammelt Amnesty International Lëtzebuerg nach bis Enn August Ënnerschrëften fir hir Deklaratioun, fir jidderengem e Recht op en Daach ze ginn. "Wann der Regierung hiren annoncéierte 'Booster um Wunnengsmaart' duergeet fir dohinner ze kommen, si mer natierlech frou", sou den David Pereira. Et wieren op alle Fall genuch Terrainen do, de Wëlle fir ze bauen och, mä et bräicht och Courage fir dat Richtegt ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: David Pereira

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO