"Nëmme mat eis"D'Baueren all zesumme géint dat neit Agrargesetz

Jean-Marc Sturm
Monique Kater
Virun der Chamber war en Dënschdeg de Mëtteg eng Maniff vun de Baueren, déi sech weider grouss Suerge wéinst dem geplangten Agrargesetz maachen.

Eis Zukunft ass eng ongewëss an dorunner ass dat geplangten neit Agrargesetz mat Schold! Matt dësem Virworf hunn eng 150 Baueren d’Deputéiert en Dënschdeg konfrontéiert. Si hätte net méi wëlles nozekucken, dass iwwer hir Käpp ewech Decisioune geholl a si lénks leie gelooss géife ginn, sou de Message vum Secteur, deen hei emol erëm eng Kéier duerch all d’Verbänn vertruede war. Gefuerdert gëtt e Matsproocherecht am Sënn vun engem Gesetz mat reelle Perspektiven.

Bauere-Maniff géint geplangten Agrargesetz
Virun der Chamber war en Dënschdeg de Mëtteg eng Maniff vun de Baueren, déi sech weider grouss Suerge wéinst dem geplangten Agrargesetz maachen.

Dir musst mat eis schwätzen a virun allem musst der eis consideréieren! “Eis” steet fir all d’Baueren aus dem Land, fir d’Familljebetriber, awer och fir d’Zukunft vun der Landwirtschaft. Déi dierft net OUNI si gezeechent ginn, wéi dat an der Lescht awer de Fall wier.

“Et ass Drock am Secteur”, sou Guy Feyder, President vun der Landwirtschaftskammer, an dat hätten d’Bauere verstanen. De Projet géing nämlech absolut net passen! Wat den Ament mam Secteur géing geschéien, wier “du jamais vu”! D’Deputéiert misste mat hinne schwätzen a si consideréieren! Dat wier an der Lescht nämlech NET de Fall.

Déi Kéier waren d’Deputéiert also viséiert. Déi, déi et intresséiert huet, krute Prezisiounen a wäerten där och am Avis vun der Landwirtschaftskammer zum neien Agrargesetz fannen. D’Myriam Cecchetti vun déi Lénk gëtt éierlech zou, dass si sech mat dësem Gesetzestext nach net honnertprozenteg befaasst hätt; si awer direkt verstanen hätt, dass de Wee fir bei d’Zil net am Projet de Loi beschriwwe wier. De Jeff Engelen, adr, schwätzt Tacheles: déi meescht Baueren hätten an hire Betrib investéiert, op legaler Basis, an elo op emol géif gesot ginn, d’Betriber misste méi kleng sinn. Wéi soll dat goen, freet den Deputéierte sech, wa si hir Schold net méi zréckbezuele kéinten?!

...a wann deen, deen den Ament emol nach den Haaptresponsabel fir d’Roserei vun de Baueren ass... also wann deen iere gemengt hat, hie kéint ouni opzefalen hannert de Chambermauere verschwannen, hat e sech fatzeg geiert...de Claude Haagen krut fein, mee kloer d’Lewitte gelies... An dat vun der Mëllechproduzentin Marianne Lis-Vaessen. Ob hie wéisst, dass si Existenzängscht hätten, wann d’Gesetz esou géif geännert ginn?! Si géifen als Klimasünder duergestallt ginn, mee si wieren och e Familljen – a Fachbetrieb an der Mëllechproduktioun. Den Agrarminister stoung dunn eng 10 Minutten dëser Damm Ried an Äntwert. Ronderëm, d’Deputéiert, déi dobaussen op den Etat de la Nation vum Premier gewaart hunn.

Virun de Wale bleiwen d’Kameraen ni eleng...och net, wann et nach ee Joer dauert, bis een als Politiker säi Verdikt presentéiert kritt. D’Aktioun vun de Baueren huet eis Deputéiert op alle Fall motivéiert, virun der Chamber stoen ze bleiwen an nozelauschteren. Ob de Message vum Secteur wierklech ukomm ass, weist sech iwwer déi nächst Méint!

Bauere-Maniff virun der Chamber / Rep. Jean-Marc Sturm

Schonn am September haten d’Jongbaueren, d’Bauerejugend an d’Jongwënzer géint déi aktuell Agrarpolitik protestéiert. Dat mam Symbol vum roude Stiwwel, deen op der Kopp hänkt. Och en Dënschdeg war dëse virun der Chamber dobäi. De Luc Emering, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, hat am September staark Wierder fir hir Flemm fonnt: D’Betriber géinge stierwen, wann et esou weidergeet a fir deen Doud géing dat neit Agrargesetz stoen. Annerhalleft Joer hätt ee probéiert, konstruktiv mat ze schaffen, ma um Enn wiere si ignoréiert ginn.

Luc Emering
Konklusioun vum President vun de Jongbaueren an der Landjugend: Mir halen all zesummen an et ass ELO, wou eng muss geschéien.

Reaktioune vun den Deputéierten

Reaktioun vum Martine Hansen, CSV
D’Agrargesetz muss am Dialog mat de Baueren ugepasst ginn
Reaktioun vum Gusty Graas, DP
An der Agrarkommissioun muss iwwer de Projet de loi diskutéiert ginn.
Reaktioun François Benoy, déi Gréng
De François Benoy wëll de Baueren aus dem europäesche Korseli eraushëllefen.

Back to Top
CIM LOGO