Centrale PaysanneD'Bauerenzentral gesäit EU-Agrarpolitik als éischte Schratt a richteg Richtung

RTL Lëtzebuerg
Mat Bléck op ekologesch Oploe misst een op déi vill Changementer oppassen, déi elo op d'Baueren duerkommen.

Dës Ännerunge géingen den Alldag vum Bauer impaktéieren, ma dee bräicht Planungs-Sécherheet, heescht et an engem Communiqué.

De Lëtzebuerger Ressortminister Romain Schneider hätt elo eng Responsabilitéit bei der nationaler Ëmsetzung. Hei sollt de gesonde Mënscheverstand spillen an et misst e gudden Equiliber fonnt ginn, sou d'Centrale Paysanne. D'Bauere missten och an Zukunft hir Famillen ënner adequate Konditioune kënnen ernären.

PDF Bauerenzentral

Back to Top
CIM LOGO