Rieden an der Philharmonie op NationalfeierdagD'Bedeitung vu Solidaritéit an Demokratie goufen ënnerstrach

RTL Lëtzebuerg
Virun 175 Joer gouf d'Lëtzebueger Verfassung ugeholl an d'Gëlle Fra huet dës Joer hiren honnertste Gebuertsdag gefeiert.

D’Gëlle Fra wier e Symbol dofir, d’Affer ni ze vergiessen, déi fir d’Fräiheet bruecht goufen, an dofir géingen d’Leit hei am Land och verstoen, wéi ee Sacrifice dat ukrainescht Vollek den Ament mécht, sot de Chamberpresident Fernand Etgen.

“Mir réckelen hei am Land zesummen, wann et drop ukënnt, a mir wuessen doduerch – ouni awer eis Differenzen, an och eis Meenungsverschiddenheeten ze ënnerdrécken. Si maachen eis, eebe grad, zesumme méi staark.
Ech wënschen eis alleguer, datt déi Fräiheetssonn, iwwert déi mir zu Lëtzebuerg an an der Europäescher Unioun d’Hand halen, nach laang virublénkt … an och geschwënn an der Ukrain erëm opgeet!”

Och de Grand-Duc Henri huet a senger Ried ënnerstrach, datt Lëtzebuerg un der Säit vun der Ukrain steet. De Staatschef ass och op d’Efforten agaangen, déi duerch de Krich gemaach goufen, fir Energie ze spueren.

D'Zeremonie an der Philharmonie am Resumé
De Grand-Duc Henri an de Chamberpresident Fernand Etgen hu Riede gehalen.

“De Klimawandel ass kee Fatalismus, mä d’Resultat vun eiser Liewensweis. Dofir musse mir eis esou séier wéi méiglech vu fossillen Energien trennen an insgesamt méi nohalteg liewen. Dat bedéngt e gewëssene Konsens hei am Land, an och an der Welt ze schafen.
D’wirtschaftlech Nowéie vum Krich an der Ukrain laaschte weider op ganz ville Länner. Och zu Lëtzebuerg si Prekaritéit an Aarmut en Thema. Mir mussen eis solidaresch weisen a jidderengem hëllefen, fir dass eis Gesellschaft weiderhin zesummenhält. Nëmmen eng inklusiv Gesellschaft ass och eng staark Gesellschaft.”

De Premierminister Xavier Bettel huet, wéi och de Chamberpresident, ervirgehuewen, wéi wichteg de Sozialdialog zu Lëtzebuerg wier. Thema am Premier senger Ried waren natierlech och d’Walrendezvousen, d’Gemengewalen virun 2 Wochen, d’Chamberwalen am Hierscht an d’Europawalen d’nächst Joer am Mee.

“Et ass mir wichteg op dëser Plaz deene villen dausende Leit Merci ze soen, déi mat hirem Engagement derfir suergen, datt eis demokratesch Institutioune weiderhi gutt funktionéieren. Dëse Merci gëllt net nëmmen de Leit, déi duerch hir Kandidatur bereet waren, fir hir Gemeng an hiert Land politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. E gëllt och de ville Mënschen am Hannergrond, sief et de Fräiwëllegen an de ville Walbüroen oder de Beamtinnen a Beamten déi un de Virbereedungsaarbechte bedeelegt sinn, ouni déi mir keng fair a fräi Walen organiséiere kéinten.”

Kuckt Hei nach eng Kéier déi komplett Zeremonie mat all de Rieden:

D'Zeremonie an der Philharmonie fir Nationalfeierdag
6 Persoune goufe vum Grand Duc geéiert. An de Riede gouf besonnesch d’Bedeitung vun Demokratie a Solidaritéit ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO