
Bei der Aktioun "Opération cartables" geet et drëms, datt d'Kanner, wou d'Eltere sech kee Rucksak a Schoulmaterial leeschte kënnen, vun der Caritas gehollef kréien.
D'Schüler an enger prekärer Situatioun ginn iwwert d'Offices sociaux rezenséiert an och selektionéiert a kënnen dann an de sozialen Epicerië vun der Caritas d'Saachen ofhuele goen.