
D'CAVEM kéint Mëtt nächste Mount nees opgoen, déi faillite Musékschoul zu Bouneweg soll nämlech vun der Luxembourg Music School vu Sandweiler iwwerholl ginn. Deementspriechend Gespréicher wiere gutt verlaf, et wiere just nach Formalitéiten ze klären.
D'Coursë wiere weiderhin am Gebai zu Bouneweg a kéinte schonn den 18. Mee nees ufänken. D'Cavem war leschte Mount jo iwwerraschend Faillite gaangen. Den deemolegen Direkter ass zanter Woche verschwonnen.