D’Diere vun der Museksschoul Cavem bleiwe weider zou a wäerten ënnert deem Numm och net méi opgoen. D’Enseignantë sëtzen awer weider alles drun, eng nei Schoul opzemaachen.
Zanter der Annonce virun engem gudde Mount, datt d’privat Museksschoul Cavem faillite wier, gouf et vill hin an hier. De Filipe Galvao, deen zanter iwwer 30 Joer als Pianosproff fir d’Cavem schafft, erkläert, datt een a Kontakt war mat engem Repreneur: “Mir ware gutt 10 Deeg amgaang an d’lescht Woch hate mer eng Versammlung mat him a Cavem-Memberen. An do ass eraus komm, datt mer net mat externe Leit wëlle schaffen, awer léiwer ënnert eis. Mer mussen elo kucken, ob mer dat hikréien.”
Et wëllt een och net méi mat enger eenzeler Persoun schaffen. Idealerweis géifen d’Enseignantë vun der Cavem selwer d’Musekschoul iwwerhuelen.
“Iwwerhuelen – finanziell – loosse mer emol esou soen. Dat heescht, mir wëllen eisen Job weidermaachen. Mir kennen awer näischt vu Gestioun. An do brauche mer een, deen ganz seriö do investéiert an och eppes vun Gestioun kennt”, sou de Filipe Galvao.
Vun de 15 Museksproffen, déi bei der Cavem agestallt waren, sinn der antëscht just nach 10 do, déi eng nei Schoul wëllen opmaachen. Ronn 80.000 Euro hu se aus eegener Täsch bis ewell zesumme kritt, fir op e Startkapital vun 100.000 Euro ze kommen. Am Idealfall gëtt eng nei Schoul opgemaach an d’Material ofkaaft an och d’Gebai zu Bouneweg weider genotzt.
“Et muss alles versteet ginn, alles verkaf ginn. Wa mer d’Schoul iwwerhuelen, da probéiere mer emol, d’Instrumenter an alles ofzekafen. Da bleift jo alles hei”, sou d’Hoffnung.
D’Affär kënnt de Freideg op d’Handelsgeriicht. De Pianosproff Filipe Galvao betount, datt een déi Decisioun elo mol ofwaarde muss an da weider kuckt.