D'Piraten zéie BilanD'Chamber misst méi Moyene kréien a sech nei organiséieren

Lynn Cruchten
Déi lescht Woch an dës gi Gesetzer "duerchgebrätscht", sou de Sven Clement op der Bilanspressekonferenz vun de Piraten e Méindeg.
D'Piraten zeien de Bilan vum parlamentaresche Joer
D’Chamber misst méi Moyene kréien a sech nei organiséieren. D’Zuel vun de Sitzunge pro parlamentaresch Sessioun wier vu 34 viru 5 Joer, op iwwer 70 geklommen.

Allgemeng hätt d’Aarbecht an der Chamber zougeholl. D’Zuel vun de Sitzunge pro parlamentaresch Sessioun wier vu 34 viru 5 Joer, op elo iwwer 70 geklommen.

Hie géing sech dowéinst freeën wa seng Partei no de Walen am Oktober méi Deputéiert hätt an deemno méi Mataarbechter kéint hunn. De Sven Clement an deen anere Piraten-Deputéierte Marc Goergen hu gegeckst, datt se mat méi Moyene béid nach keng gro Hoer hätte respektiv nach net esouvill Hoer verluer hätten.

De Sven Clement huet opgezielt, wéi dacks d’Piraten d’Wuert ergraff, parlamentaresch Froe gestallt oder nach Gesetzespropose gemaach hunn. Déi nächst Chamber kéim net dolaanscht, sech nei z’organiséieren, huet de Sven Clement gemengt. Notamment mat engem anere Kalenner. Hien huet sech gefrot, ob d’Plenière net d’ganz Woch kéint zesumme sinn an net just tëscht Dënschdeg an Donneschdeg. Donieft kéint een iwwert d’Riedenzäiten diskutéieren.

D’Piraten zéie Bilan / François Aulner

De Piraten-Deputéierten no, soll et och eng Evaluatiounskommissioun ginn. D’Chamber misst net just iert e Gesetz gestëmmt gëtt hir Kontroll ausüben, mä och duerno.

D’Piraten-Deputéiert hu sech iwwerdeems doriwwer opgereegt, datt bei enger Rei Affären oder Mëssstänn, d’Regierung d’Problemer mat Sue wéilt léisen, ewéi zum Beispill an der Affär ëm de Science Center oder d’Superdréckskëscht. Besonnesch irritéiert waren se mat der Agence “E-Santé”, déi en “Desaster” wier an dem een näischt Opweises hätt.

Back to Top
CIM LOGO