Evolutioun am OktoberD'Chômagezuele stabiliséiere sech

RTL Lëtzebuerg
Op den 31. Oktober ware 17.971 Demandeurs d'emploi bei der Adem ageschriwwen, 96 manner wéi nach am September.
© RTL Archivbild

Op d'Joer gekuckt sinn et awer knapp 3.000 Chômeure méi, e Plus vun 20%.

De Chômagetaux bleift iwwerdeems bei 6,3%.

D'Zuel vun de Leit, déi eng Chômage-Indemnitéit kréie klëmmt am Joresverglach ëm 20%, 9.596 Leit si concernéiert. 4.067 Mënsche sinn an enger Beschäftegungsinitiativ.

Am Laf vum Mount Oktober goufen 2.968 fräi Poste bei der Adem deklaréiert.

PDF: D'Chômagezuele vun Oktober 2020

Back to Top
CIM LOGO