Zu HollerechD'CMCM huet um Freideg hiert neit Gebai ageweit

Mariette Zenners
De Siège ass vum Hierscht 2021 un an der Hollerecher Strooss, nieft der zukünfteger sougenannter Cité vun der Sécurite sociale.

Do wou och d’CNS an all d’Administratiounen, déi mat der sozialer Ofsécherung ze dinn hunn, wäerten ënnerkommen. Soumat sollen des Servicer all op engem Site nieft dem Quartier “Nei Hollerech” regroupéiert sinn, deen di nächst Joren do entsteet.

D’Caisse médico chirurgicale mutualiste gëtt et zanter 1965, iwwer 142.000 Familljen, am ganzen 280.000 Memberen, sinn affiliéiert. D’CMCM bitt jo Zousazleeschtungen zu der Gesondheetskeess. Eng 70 Leit schaffe bei der Gesondheetsmutuelle.

Back to Top
CIM LOGO