
Et ass elo eng Diskussioun opkomm, wie fir d’Käschte soll opkommen. Bei de Spideeler schéngt et zum Deel Onkloerheeten ze ginn. Fir d’Gesondheetskeess wier allerdéngs kloer, datt d’Spideeler näischt aus der eegener Täsch musse bäileeën. Et géif awer nach Diskussiounen tëscht dem Ministère an der CNS ginn, wie fir wéi vill Prozent vun de Käschten opkënnt, esou de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé.
2018 huet d’Regierung d’Decisioun getraff, 4 nei IRMen an de Spideeler ze installéieren. Fir den Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman Claude Schummer wier et de Moment en hin an hir tëscht dem Ministère an der Gesondheetskeess.
Fir de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé géif et awer hei ëm e Prezedenzfall goen, wouduerch ee sech genee misst iwwerleeën, wéi een elo virgeet. Et wier deen éischte praktesche Fall vun der Applikatioun vum Spidolsgesetz an dat, wat elo hei gemaach géif ginn, hätt eng Implicatioun op all zukünfteg Acquisitiounen, déi dann nom nämmlechte Prinzip missten ëmgesat ginn. Datt d’Spideeler herno missten eppes bäileeën, wier guer net d’Fro a wier och guer net esou virgesinn.
Ween um Enn wéi vill bäileet, misst elo en Aarbechtsgrupp tëscht dem Santésministère an der CNS festleeën. Fir d’Patienten huet dat ganzt keen Impakt, ausser datt sech duerch déi nei IRMen d'Waardezäite reduzéieren.