
Wéi den CSV-Schäffe Ricardo Marques an engem Communiqué zitéiert gëtt, wier et dem Christophe Origer säi fräie Choix, sech politesch nei ze orientéieren an dat géif ee respektéieren. Allerdéngs géif de Wëlle vum Wieler nom Christophe Origer sengem Parteiwiessel fir déi aktuell Legislaturperiod net méi respektéiert ginn. Et hätt een et als normal empfonnt, wann de Christophe Origer säi Mandat no sengem Wiessel un d’CSV zeréck ginn hätt.
Och wa se keng Majoritéit méi huet, wëll d’CSV déi aktuell Koalitioun mat der LSAP fäerdeg maachen, heescht et weider. Well een an engem Waljoer ass, géif d’Gesetz et souwisou net méi erlaben, dass de Gemengerot opgeléist gëtt.
Och d’Iechternacher LSAP huet sech an engem Communiqué zum Christophe Origer sengem Parteiwiessel zu Wuert gemellt. D’selwecht wéi d’CSV verlaangen d’Sozialiste vum Christophe Origer, dass hie säi Mandat am Gemengerot no sengem Wiessel bei déi Gréng un d’CSV zeréckgëtt. Bei den nächste Gemengewale kéint hien dann als Kandidat vun deene Gréngen untrieden.
De Christophe Origer kënnt den Demandë vun den zwou Majoritéitsparteien zu Iechternach allerdéngs net no. Wéi dee jonke Politiker op Nofro h géigeniwwer RTL sot, wéilt hie säi Mandat bei deene Grénge weiderféieren an dëst net zeréck un d’CSV ginn, grad well et nëmmen nach siwe Méint bis déi nächst Wale sinn. De Christophe Origer betount op en Neits, dass ee bei deene Gréngen och absolut net un enger Blockade vun der Politik zu Iechternach interesséiert wier.