Am Mäerz 2020 huet den deemolege President vun den USA Donald Trump d'Arees vun Net-US-Residentë staark ageschränkt. Sou duerften ënnert anerem Europäer ganzer annerhallef Joer net an d'USA reesen. Zanter Méindeg ass d'Grenz gréisstendeels rëm op, sou dass och fir d'Lëtzebuerger eng Rees an d'USA nees méiglech ass.
An et schéngt esou, wéi wann eng Partie Lëtzebuerger nëmmen op déi Noriicht gewaart hunn. An de Reesagencë sinn USA-Reesen den Ament ganz besonnesch gefrot.
Och zu Diddeleng an der Reesagence huet een d'USA-Féiwer erwëscht. D'Agence war zwar scho méi laang am USA-Look dekoréiert, elo huet een dat beléifte Reeszil awer och an de Fënstere Wëllkomm geheescht.
Am meeschte vermësst hunn d'Lëtzebuerger dann anscheinend d'Stad New York. Hei goufen et nämlech eng ganz Rëtsch Reservatioune fir Chrëschtdeeg an der Groussstad ze verbréngen. Awer och USA-Rondreese si vill gefrot. Do ginn et schonn eng Partie Demanden a Reservatioune fir d'Ouschterzäit awer och fir d'Summervakanz.
Ob eng Rees an d'USA dann elo méi deier gëtt wéi virun der Pandemie, konnt d'Travel Group Lëtzebuerg eis net soen. Dat wier immens schwéier ze rechnen.
Trotz aller Virfreed gëllt et opzepassen. Fir an d'USA ze fléien, ginn et strikt Areesrestriktiounen. Sou dierfen Erwuessener nëmmen an de Fliger, wa se geimpft sinn. Ausname ginn et ënnert anerem fir Persounen, déi sech aus gesondheetleche Grënn net kënnen impfe loossen. Fir Mannerjäreger gëllt dës Impfobligatioun net.
All Passagéier muss awer e negative Corona-Test virleeë kënnen. Bei geimpfte Persounen dierf dee maximal 72 Stonnen al sinn. Bei Passagéier ouni Vaccin, dorënner dann och d'Kanner, sinn et 24 Stonnen. Persounen déi dann an de 90 Deeg virun hirer Arees u Corona erkrankt sinn, dierfen och dëst Testresultat zesumme mat engem Attest virleeën. Wat een nach alles wësse muss fir an d'USA ze reesen, kënnt dir hei noliesen.
Knapps een Dag nodeems och Europäer rëm an d'USA areesen dierfen, koum dunn um Dënschdeg d'Noriicht vum US Center for Disease Control and Prevention: Lëtzebuerg ass nieft Holland an den USA rëm als Héichrisikoland, respektiv op Level 4, aklasséiert. Dës Noriicht huet och munche Lëtzebuerger Angscht gemaach, déi hier Rees an d'USA grad réischt gebucht hunn.
Dës Angscht wier awer net begrënnt, sou d'Chris Poos vun der Travel Group Lëtzebuerg. Dës Ëmklasséierung bedeit, dass op US-Residenten eventuell aner Restriktiounen zoukommen, wann si op Lëtzebuerg kommen an dono zeréck fléien. En neit Areesverbuet fir d'Lëtzebuerger a Richtung USA gëtt et den Ament awer net.