TNS-Ilres-Sondage seet"D'Digitalisatioun ass vun héchster Wichtegkeet fir d'Land"

Tim Morizet
Engem TNS-Ilres-Sondage no géif d'Populatioun a ville Punkte vun der Digitalisatioun am Grand-Duché profitéieren.
Digital a klassesch Demarchë matenee kombinéieren
De Staat wier prett a Servicer wéi Guichet oder MyGuichet.lu hätten e Satisfaktioun-Taux vu 94%

An engem rezente Politmonitor haten 18% vun der Populatioun sech jo besuergt bei den digitalen Developpementer gewisen. Eng nei Etüd sollt hei Kloerheet verschafen.

D'Digitalisatioun ass d'Zukunft a vun héchster Wichtegkeet fir d'Land. Dat hätt dës Etüd nach eemol bestätegt. Et war déi éischt, déi d'Perceptioun vun der Populatioun mat analyséiert huet. De Staat wier prett a Servicer wéi Guichet oder MyGuichet.lu hätten e Satisfaktioun-Taux vu 94%.

„D'Leit hätten och gären administrativ Demarchen, déi se kënnen digital maachen. Et ginn der natierlech och, déi et nach op de klassesche Wee wëlle maachen - dat musse mer alles zesumme kombinéieren, wa mer weider wëllen d'Digitalisatioun am Land a Staat no vir bréngen. Et gesäit een, datt mer do op engem gudde Wee sinn.", betount de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisatioun.

Esou wär de Wonsch vun der Populatioun, och méi Demarchë wéi zum Beispill d'Rembourséiere vu medezinesche Käschten, Steiererklärungen, ma och Mobilitéit a Logement-Hëllefen ze digitaliséieren. Doru géif den Ament geschafft, heescht et aus dem Ministère.

Bei knapp 90% vun der aktiver Populatioun hätt d'Digitalisatioun och en Impakt op hir Aarbecht. Fir 3/4 vun de Leit wier et e positiven. Ma net alles ass roseg.

„Suerge beim Impakt vun der Digitalisatioun si virun allem bei der Beruffs-Sécherheet a beim Schafe vun Aarbechtsplazen. Besonnesch awer och am tëschemënschleche Kontakt. Digitalisatioun erméiglecht e vereinfacht d'Zesummeschaffen a mat de Leit ze kommunizéieren. Ma et fäert een déi direkt Relatiounen ze verléieren.", sou den Tommy Klein vun TNS-Ilres.

Virun allem Informatiounen, déi Echtzäit optiméiert sinn, wéi zum Beispill Trafic-Informatiounen, géife ville Leit d'Liewe vereinfachen. Och d'Méiglechkeet, Bus-, Fliger- an Zuchticketen iwwert den Internet ze bestellen, weist sech als ëmmer méi komfortabel fir d'Leit. Fir vill wär d'Ausweisen um Internet wéi mam Lux-Trust-Token an de Web-Banking net méi ewechzedenken.

Ma net jiddereen ass prett fir all d'Facettë vun der Digitalisatioun. E Groussdeel vun der Populatioun bleift skeptesch bei Servicer wéi Clouds, d'Optioun mam Handy ze bezuelen an Haushaltsapparater, déi ee mam Smartphone steiere kann. Och Interessi ugepasst Reklamme sinn net ganz beléift.

Back to Top
CIM LOGO