ZeienopriffDe 5. November gouf et e Verkéiersaccident a Clausen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Méindeg an hirem Bulletin matgedeelt huet, siche si no Zeien no engem Virfall vum 5. November a Clausen.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Géint 23.40 Auer wier et deemno an der Allée Pierre de Mansfeld e Verkéiersaccident ginn, bei deem e Gefier an zwee Autoe gerannt ass, déi do geparkt waren. De Chauffer wier weider a Richtung Pafendall gefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

Et handelt sech ëm e schwaarzen Auto, warscheinlech e Mercedes, dee vir un der Stoussstaang a laanscht d’Säit vum Chauffer beschiedegt dierft sinn.

D’Persoun hannert dem Stéier, respektiv Zéien, deenen esou een Auto opgefall ass, solle sech bei der Police aus der Stad um 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Zu Zéisseng haten den 21. Oktober zwee Containere gebrannt

Weiderhin sicht d’Police och no Zeien no engem Virfall vum 21. Oktober zu Zéisseng.

Géint 23.55 Auer wier et an der “Rue Saint-Joseph” zum Containerbrand komm. Verdächteg Persounen, Gefierer oder aner Observatioune kënnen och hei der Police aus der Stad um 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO