
Am Joer 2018 gouf mam Bauprojet Elmen zu Kielen ugefaangen. Hei entsteet no a no an de nächsten 20 Joer e fuschneie Quartier fir ronn 3000 Awunner. Rezent si schonn déi éischte Leit an hir nei Haiser an Appartementer era-geplënnert. Op enger Surface vu 27 Hektar entsteet en Duerf am Duerf. 800 Wunnenge gi gebaut. Zu Elmen si 75 Prozent vun de Wunnengen an der Vente. De Recht geet an d’Locatioun.