
Kuerz no 13 Auer gouf eng weider Kollisioun tëscht zwee Gefierer, dat op der N11 tëscht Gonnereng an Direktioun Waldhaff. Dës Kéier waren en Auto an e Camion dra verwéckelt an och hei gouf et ee Blesséierten. Eng drëtt Kollisioun gouf et nach géint 15.15 Auer. Zu Hamm krute sech an der Bitburger Strooss zwee Autoen ze paken. Do ass kengem eppes geschitt.