
Um kuerz virun hallwer 12 koum et dann op der A4 a Richtung Stad zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen, hei gouf eng Persoun blesséiert. Änlechen Accident dann eng Stonn méi spéit, dat op der A1 a Richtung Tréier, och hei ee Blesséierten.
Géint hallwer 3 krut dann en Auto eng Mauer zu Folscht an der Rue Principale ze paken, hei goufen 2 Persoune verletzt. An um 4 Auer e Freideg de Mëtteg krute sech op der N5 a Richtung Bascharage 2 Ween ze paken, eng Persoun gouf blesséiert.
Weider Accidenter um Freideg de Mëtteg goufen et zu Steebrécken, Nouspelt, Käerjeng, Sëll, um Lampertsbierg, bei Iechternach, op der A3 an zu Olm.