Vill lassDe CGDIS mellt eng sëllege Bränn an een Accident

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et um 17 Auer tëscht Bidscht an dem Schumannseck zu engem Accident mat zwee Autoen. Sechs Leit goufe do blesséiert.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Dann hat et nach op am Ganze fënnef Plaze gebrannt.

Ugefaange géint 20.30 Auer um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy, wou et e Vegetatiounsbrand gouf.

Zu Esch stoung géint 21.20 Auer an der Éilerenger Strooss eng Garage a Flamen. Wéi d’Police an hirem Bulletin e Sonndeg nach präziséiert, hat eng Méimaschinn Feier gefaangen. Duerch dat séiert Agräife vun de Pompjeeën, konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

Zu Bauschelt huet géint 22.30 Auer eng Bottepress Feier gefaangen an um 23 Auer konnt zu Hollerech hat et kuerz an engem Appartement geflaamt. Spéider an der Nuecht huet dann nach zu Veianen eng Poubelle gebrannt. Dat war no 3.15 Auer.

Back to Top
CIM LOGO