
Um CR308 tëscht Heischent an Eschduerf koum et géint 18.23 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Trakter.
Kuerz no 20 Auer war zu Beefort an der Grand-rue eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vun Iechternach an d’Pompjeeë vu Beefort.
Eng weider Persoun gouf eng 20 Minutte méi spéit um Belval ugestouss. Déi blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter vun Esch, Péiteng a Suessem-Déifferdeng versuergt.
Op der A6 a Richtung Stad gouf et géint 2.11 Auer en Donneschdeg de Moien eng weider Kollisioun mat engem Blesséierten. D’Ambulanz vu Mamer souwéi d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.
Géint 6.24 Auer gouf dann eng Persoun an der Route de Trèves um Senningerbierg vun engem Auto ugestouss a blesséiert. De Rettungsdéngscht vun Nidderaanwen war am Asaz.
Kuerz viru 7 Auer hate sech an der Lëtzebuerger Strooss zu Stengefort e Camion an en Autobus ze pake kritt. Hei goufe 4 Blesséierter gezielt. De Rettungsdéngscht vu Stengefort an d’Ambulanzen aus der Stad, vu Mamer a vu Stengefort waren op der Plaz.
Géint 12.50 Auer war dann en Automobilist op der RN12 tëscht Koplescht an dem Katrewang méi uerg accidentéiert. De Samu an den Helikopter vun der Air Rescue waren hei am Asaz.
Um15.42 Auer hate sech zu Schengen op der Wäistrooss 2 Autoen ze pake kritt. De Rettungsdéngscht vu Schengen hat sech hei ëm 1 Blesséierte gekëmmert.