
De Chômagetaux geet domat op 5,5 % erop.
D’Chômage-Zuele gounge fir d’Schoulrentrée an alle Kategorien an d’Luucht: Esouwuel bei de Persounen ënner 30 Joer, grad wéi och bei de schoulesch héichqualifizéierte Leit.
Am September hu sech och eng 70 Refugiéen aus der Ukrain bei der ADEM ageschriwwen, fir no enger Plaz ze sichen.
Bei d’Chômeure kommen och nach ronn 4.000 Leit dobäi, déi an enger vun de Beschäftegungsmesuren dra sinn.
Aktuell si ronn 9.000 fräi Plaze bei der ADEM ausgeschriwwen.