
D’personell Spëtzt vun der DP wäert sech nom nächste Kongress erneieren: nodeem de Mëttelstandsminister Lex Delles seng Kandidatur annoncéiert huet, fir d’aktuell Presidentin Corinne Cahen op deem Posten z’ersetzen, ass et lo eng weider Kandidatur fir de Comité Directeur vun der liberaler Partei.
Et ass den aktuellen Generalsekretär Claude Lamberty, dee fir de Posten vum Vize-President kandidéiert, deen jo aktuell vum Deputéierten Max Hahn besat gëtt.
Wéi et vum aktuelle Generalsekretär an Zentrumsdeputéierten heescht, wéilt hien dem warscheinlech neien President Lex Delles beschtméiglech zur Säit stoen, duerfir och seng Kandidatur.
Aktuell sinn déi 2 aner Vize-Presidenten d’Ministeren Hansen an Delles, sou datt et also nom DP-Kongress den 12. Juni zu gréisseren Remaniementer un der Spëtzt vun der bloer Regierungspartei wäert kommen, mat engem erneierten Personal-Tableau.
D’Carole Hartmann huet um Kongress vun der DP Osten erkläert, datt si fir de Poste vum Generalsekretär kandidéiert. Si huet hier Kandidatur e Méindeg um Ost-Kongress vun der Partei gestallt.