
An zwee Atomreakteren a Frankräich goufe Rëss entdeckt, ënnert anerem zu Cattenom. Der franséischer Agence fir Atomsécherheet (ASN) no sinn d’Rëss signifikant respektiv net ze negligéieren. Déi betraffen Deeler wieren ausgetosch ginn, heescht et an enger Mise à Jour vun der Franséischer Agence fir nuklear Sécherheet.
Den Energieminister Claude Turmes bedauert, net vun offizieller Säit aus Frankräich informéiert ginn ze sinn. Hie géif en Telefonsgespréich mat senger franséischer Homologin sichen a wéilt d’Lëtzebuerger Fuerderungen och schrëftlech areechen.
All d’Reakteren zu Cattenom missten elo op dëse Problem kontrolléiert ginn. Lëtzebuerg misst och éischter iwwer Tëschefäll informéiert ginn an Accès op d’Rapporte kréien, sou den Energieminister.