Hei kënnen d’Leit net nëmmen an enger sécherer Ëmgéigend Droge consomméieren, mä och zesummekommen a sech ënnerhalen.
Och Sozialaarbechter an Infirmiere sinn op der Plaz. Et ass ee Service, dee vun de Clientë geschätzt gëtt, pro Dag kommen eng 40-50 Leit an de “Kaffi Contact”, wéi en och ënner de Mataarbechter genannt gëtt. Elo soll d’Offer vergréissert an esou nach méi un d’Besoine vun de Leit ugepasst ginn.
Am Konsumraum vum Contact sollen an nächster Zäit net méi just Drogen, mä och Heroin-Ersatzstoffer ewéi Methadon kënnen ugebuede ginn. Zil wier et och, d’Offer ze regionaliséieren, sou den Direkter vun der Jugend- an Drogenhëllef Günter Biwersi. “Datt et regional Offere ginn, ass ëmmer méi wichteg, soss ass d’Problematik an der Stad geballt an do wësse mer jo wat dat kann heeschen. Déi Regionaliséierung ass wichteg, well Esch huet eng ganz aner Struktur bei de Konsumenten ewéi och den Notzer vun eise Raimlechkeeten ewéi an der Stad. Deem gerecht ze ginn an och mat méi klenge Strukturen ze schaffen, ass fir eis ganz wichteg am net déi grouss Strukturen all zentraliséiert ze hunn.”
Generell géing d’Situatioun zu Esch och ganz anescht ausgesinn ewéi an hirer Struktur an der Stad, erkläert d’Martina Kap, Chef de Service vum Contact. “An der Stad hunn déi meescht kee Logement. Hei am Süden hunn déi meescht, ech géing soen 90% hunn e Logement. Si liewe villäicht an enger prekärer Situatioun, mä si kënnen awer heem goen. Dat ass den Ënnerscheed zu der Stad well do ginn déi meescht dann net heem mee an de Foyer zréck. Dat sinn dann och déi, déi problematesch si fir eis oder och fir d’Gesellschaft an d’Police. Dat ass haaptsächlech den Ënnerscheed.”
Iwwerdeems beméit sech d’Ekipp vum Contact, fir datt alles esou diskret ewéi méiglech ofleeft. Dëst wier wichteg, fir engersäits d’ëffentlech Uerdnung net ze vill ze stéieren, anerersäits awer och fir de Clienten e geschützte Raum ze ginn. D’Situatioun ënnert de Leit wier familiär, dat seet och eng Fra, déi 3-4 Mol d’Woch an de Contact kënnt.
“Ech hu Kolleegen hei fonnt. Ech wunnen eleng zënter zwee Joer an dann ass et flott wann ee Bekannten huet. Ech hat en Accident virun 10 Joer an do hat ech déi riets Säit geläämt an ech muss Medikamenter huelen an dat ass jo och wéi eng Drog an do hunn ech mer gesot, du kanns roueg dohinner goen.”
Der Jugend- an Drogenhëllef no wier et elo nach wichteg Schlofplazen am Süden unzebidden, fir datt d’Leit ouni Logement net extra an d’Stad misste fueren.