Chambre de CommerceDe Fernand Ernster iwwerhëlt d'Présidence

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Luc Frieden elo als CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen designéiert ginn ass, gëtt hie seng ënnerschiddlech Mandater of.

An engem Pressecommuniqué heescht et, de Luc Frieden wéilt déi politesch Neutralitéit vun der Chambre de Commerce garantéieren. Dofir huet hien den 2. Februar seng Demissioun als President ginn.

De Vize-President vu bis ewell, de Fernand Ernster, gouf unanime als Successeur vum Luc Frieden als President gewielt. Hie wäert d’Mandat, dat nach bis Abrëll 2024 geet, fäerdeg maachen.

Back to Top
CIM LOGO