Rassemblement op der ClairefontainesplazDe Geisele vun der Hamas e Gesiicht ginn

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer sinn 240 Geiselen an den Hänn vun der radikalislamescher Hamas.
Rassemblement op der Clairefontainesplaz
D’jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg war e Mëttwoch den Owend op der Clairefontainesplaz, fir op d’Schicksal vun den Hamas-Geiselen opmierksam ze maachen.

Rassemblement op der Clairefontainesplaz / Reortage Dany Rasqué

Déi jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg war e Mëttwoch den Owend op der Clairefontainesplaz zesummen, fir op hiert Schicksal opmierksam ze maachen an déi international Communautéit opzefuerderen, Drock ze maachen.

Et misst alles dru gesat ginn, fir datt déi Mënschen, déi de 7. Oktober verschleeft goufen, erëm fräigelooss ginn.

Aktuell géif net vun hinne geschwat ginn, bedauert de President vum Consistoire israelite, den Albert Aflalo.

“Mir kréie keng Nouvelle vun der Croix-Rouge. Den Ament probéiert just déi israeelesch Arméi d’Geiselen erëmzefannen. Ech weess, datt effektiv um internationalen Niveau verschidde Verhandlunge lafen, mä et ass wichteg fir eis, fir déi jiddesch Communautéit, drop opmierksam ze maachen, datt déi Geiselen do sinn an datt et zanter engem Mount keng Fortschrëtter gouf.”

Wichteg ass et der jiddescher Communautéit och, de Geiselen e Gesiicht ze ginn. Dofir haten d’Leit op der Clairefontainesplaz vun all Mënsch, dee gekidnappt gouf, e Schëld mat sengem Numm, enger Foto an enger Erklärung, wien hien ass. Zivilisten, Kanner, Puppelcher, déi misste fräikommen an do wier déi international Communautéit gefuerdert, Drock op d’Hamas ze maachen, seet den Albert Aflalo.

Och d’Manifestanten hunn ënnerstrach, datt déi radikalislamesch Organisatioun net dierft mat hirem Terror dovu kommen.

Wärend enger Gedenkminutt gouf un all d’Affer erënnert, absënns un déi 1.400 Leit, déi de 7. Oktober op brutaalste Manéier ëmbruecht goufen.

Back to Top
CIM LOGO