
Dat well dräi Auditten erginn haten, datt et Probleemer bei der Gestioun vum Personal, de Finanzen an de Relatioune mat de Membergemenge ginn hat. Ma wann een där neier Spëtzt gleewen däerf, huet een aus de Feeler vun der Vergaangenheet geléiert. Ganz nei ass de President Philippe Meyers, deen uganks der leschter Woch unanime op sengem Poste confirméiert gouf, streng geholl net. Am Abrëll d’lescht Joer hat den Dippecher Schäffen d’Nofolleg vum fréiere Buergermeeschter vun Iechternach, Yves Wengler, ugetrueden. Deen hat seng Konsequenze gezunn, nodeems de Fonctionnement vum SIGI zimmlech negativ bewäert gi war. Ee Reproche war, datt d’Ressources humaines net anstänneg gefouert géifen. Hei sollen dem Philippe Meyers no nei Leit un der Spëtzt fir eng Verbesserung suergen.
“Dat éischt, wat ee muss constatéieren, ass, datt mer nei Leit an der Direktioun hunn. Virun allem een neien Attaché à la direction, deen dann Direkter gëtt an och eng nei Responsabel fir d’Ressources humaines. Wou mer natierlech an den Interviewen drop opgepasst hunn, datt se Kompetenzen an deem Beräich mat sech bréngen, datt mer eng Situatioun wéi mer se haten, awer vläicht net méi rëmkréien. Notamment d’Responsabel fir d’Ressources humaines kënnt eben och aus dem ëffentleche Secteur a kënnt och dee Secteur mat all deene Spezifizitéiten, déi dat mat sech bréngt.”
Am meeschte schockéiert hätt hien awer d’Kritik vun de Clienten un de Servicer vum SIGI. Dowéinst gouf eng Kommissioun mat 30 Membergemengen an d’Liewe geruff, fir ze kucken, wou de Schong um Terrain dréckt. Bei 99 Membere wieren d’Besoinen natierlech ganz ënnerschiddlech, mee et hätt sech awer ee generellen Trend erauskristalliséiert.
“Wat d’Gemeng méi grouss war, wat d’Onzefriddenheet och méi grouss war. Dat heescht, datt grad déi grouss Gemenge verlaangen, datt mer eis mat anere Konstrukteure vu Software austauschen, respektiv och eng besser Zesummenaarbecht verlaangt hunn, mat den ëffentlechen Institutiounen, wéi zum Beispill dem Centre informatique.”
Wat d’Finanze betrëfft, wier et net zu Fraude komm, et hätt awer un Transparenz gefeelt. An Zukunft wéilt een dowéinst besser opschlësselen, wéi vill déi eenzel Projete kaschten. Als gréissten Erausfuerderunge fir d’Zukunft nennt de Philippe Meyers, d’Vereinfachung vun den administrative Prozesser an d’Sécherheet vun den Donnéeën, wat virun allem fir déi kleng Gemengen net evident wier.