
Zu Clierf huet mat der “Biergerlëscht” eng éischt politesch Formatioun hir Lëscht fir d’Gemengewale presentéiert. Spëtzekandidat ass den aktuellen Schäffen a Jurist Georges Keipes.
D'11 Kandidaten sinn tëscht 21 an 58 Joer al mat néng Männer an zwou Fraen.
Op der Biergerlëscht figuréiert och d’LSAP Vize-Presidentin Tina Koch, well d’Sozialisten zu Clierf keng eegestänneg Lëscht zesummekréien.
En onerwaarte politeschen Changement hat et zejoert am Clierfer Conseil ginn, nodeems den CSV-Schäffen Théo Blasen no internen Differenzen aus senger Partei ausgetrueden ass, fir als onofhängege Conseiller am Gemengerot ze bleiwen. Doropshin huet den Député-Maire Emile Eicher sech de Georges Keipes vun der “Biergerlëscht” als Schäffen un d’Säit geholl, sou datt et souzesoe kuerz virun de Walen nach zu enger neier Koalitioun komm war. Virun deem Wiessel hat d’CSV nëmmen eng knapp Majoritéit mat 6 zu 5 Sëtz. D’Biergerlëscht war just mat engem Politiker (G. Keipes) an de Conseil gewielt ginn.