LampertsbiergDe Grand-Duc an d'Grande-Duchesse goufen en Donneschdeg geimpft

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duc Henri a seng Fra, d'Grande-Duchesse Maria Teresa, kruten hir Sprëtz en Donneschdeg an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg.

Déi groussherzoglech Koppel gouf en Donneschdeg géint de Corona-Virus geimpft.

An engem Communiqué vum Haff seet déi groussherzoglech Koppel jidderengem Merci, dee sech an der Impfcampagne engagéiert, sou datt dës e Succès ka ginn an e Retour an d’Normalitéit méiglech gëtt.

Back to Top
CIM LOGO