Zënter Ugangs 2009 këmmert de Staat sech ëm déi 850 Hektar Bësch vun der Groussherzoglecher Famill, déi ëmmer nach Proprietär ass, vun de Parzellen am Gréngewald. Am Kontrakt tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Administration des Biens de S.A.R. Le Grand-Duc de Luxembourg ass festgehalen, dass de sougenannten "Droit de superficie" 25 Joer gëllt, also bis den 1. Februar 2034.
An engem Schreiwes un den Ëmweltminister Serge Wilmes (dat der Redaktioun virläit) freet de President vun der Administration des Biens de S.A.R. Le Grand-Duc de Luxembourg, Norbert Becker, den 13. Mäerz, eng Audienz mam Minister, fir konstruktiv iwwer d'Modalitéite vun enger fréizäiteger Opléisung vun dëser Konventioun ze schwätzen.
De Grand-Duc wéilt nämlech an de Bësch investéieren, d.h. a Programmer, déi der Fräizäit, dem Sport, mee och dem therapeuteschen an edukativen Aspekt zegutt solle kommen. Op där anerer Säit wier et de Wonsch vum Groussherzog, dass d'Revenuen aus der Bëschwirtschaft, an Zukunft, an d'Fondation du Grand-Duc Guillaume et de la Grande-Duchesse Stéphanie fléissen.
Op Nofro beim Ëmweltministère, krute mer bestätegt, dass et sou eng Demande gëtt, ma d'Regierung aktuell net géif envisagéieren, d'Konventioun fréizäiteg ze kënnegen.
Schreiwes vum Ëmweltministère:
"De Ministère ka bestätegen, dass esou eng Demande vun der Administration des Biens formuléiert gouf an eng Reunioun op Beamten-Niveau stattfonnt huet.
D'Regierung envisagéiert fir den Ament net eng fréizäiteg Resiliatioun vun der Conventioun.
D'Regierung bleift an engem konstruktiven Échange mat der Administration des biens fir gemeinsam ze kucken wéi ee kéint an der Teschenzäit de Gréngewald nach méi am Sënn vun der Natur an de Bierger, virun allem der Jugend, notzen."
D'Fondatioun géif ëmmer méi ëm Hëllef gefrot, sief et vu Leit, déi déi traditionell Sozialhëllef net erreecht, an et wéilt een och Mënsche mat Handicap ënnerstëtzen. Donieft wéilt ee Projeten an de Beräicher Kultur, Educatioun, Jugend, Sport, Gesondheet, Ëmwelt-, an Déiereschutz initiéieren a sech fir de Schutz vun de Mënscherechter asetzen.
D'Gestioun vum Gréngewald, op Käschte vum Haff, soll an Zukunft iwwer 4 Achse lafen:
De Grand-Duc wëllt konkret Programmer fir déi Jonk – e Gréngewald fir Schoulklassen oder Scouten, an och thematesch Aktivitéiten. E Bësch géint d'Sech-Onwuel fillen, an der haiteger Gesellschaft, e Bësch géint Burn-Out a fir déi mental Gesondheet. Dat ganzt mam Message, dass d'Land sech ëm seng Leit këmmert, wéi ëm e Bësch.
An enger Charta soll dann d'Nohaltegkeet an de responsaablen Ëmgang mam Gréngewald festgehale ginn. Als Symbol vun der Kontinuitéit vun der Dynastie, kéint een de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse, grad ewéi d'Prënze Charel a François an dat ganzt mat abannen, duerch Uplanzungen z.b., ouni dat awer ze vill ze mediatiséieren.
Mat dësem Programm géif eng politesch Instrumentaliséierung verhënnert. Et géif kee moraleschen Discours, keng Iwwermediatiséierung, mee dofir Kloerheet, wat Privatbesëtz a Staat ugeet.
Dës ganz Demarche géing de Staat näischt kaschten, gëtt am Schreiwes nach präziséiert, ausser dem Akommes aus der Bëschwirtschaft.
An der Konventioun aus dem Joer 2009 steet wéi gesot dran, dass de Staat de Bësch dierf bewirtschaften an no de Krittäre vun der Nohaltegkeet muss ënnerhalen. Fir deen Droit de superficie misst de Staat, all Joer, 1 Euro un d'Administration des Biens vum Grand-Duc bezuelen, allerdéngs – sou liest een am Text, verzicht den Haff, mam Grand-Duc als Proprietär vum Bësch, op deen Euro.
Erënnere mer drun, dass dës Konventioun néideg gi war, well d'groussherzoglech Famill de Gréngewald wollt verkafen, eng Nouvelle déi fir grouss Opreegung am Land gesuergt hat. An der Konventioun steet och, dass am Fall wou d'Administration des Biens vum Grand-Duc dës Proprietéit wëllt verkafen, de Staat Virkafsrecht huet. Esou laang wéi de Kontrakt a Kraaft ass.