RéckschlagDe Jean Asselborn ass zanter dësem Freideg nees am Spidol

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Lëtzebuerger Ausseminister op Facebook matdeelt, wier hien nees hospitaliséiert, fir Antibiotika intravenéis administréiert ze kréien.

Hie geet dovun aus, dass en e puer Deeg wäert mussen am CHL bleiwen.

Vun e Sonndeg op e Méindeg war de Jean Asselborn schonn emol hospitaliséiert ginn, dat wéinst engem grippalen Infekt. E war am Centre hospitalier wéinst dem Influenza-Virus Type A behandelt ginn.

Wéi den Ausseminister selwer schreift, wéilt hien den nächste Mëttwoch awer schonn nees am Chamberplenum sinn. Duerch den intensiven Traitement géif hien hoffen, och séier nees fit ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO