De Kloertext elo am ReplayDe Jean-Claude Juncker war, ass a bleift en "animal politique"

Caroline Mart
Keen huet d’Lëtzebuerger, awer och déi europäesch Politik vun de leschte Joerzéngten esou nohalteg gepräägt wéi de Jean-Claude Juncker.
VIDEO: De Jean-Claude Juncker am Interview
Keen huet d’Lëtzebuerger, awer och déi europäesch Politik vun de leschte Joerzéngten esou nohalteg gepräägt wéi de Jean- Claude Juncker.

Resumé vum Koertext mam Jean-Claude Juncker/Rep. Dany Rasqué

Enn 2019 ass hie mat vun der politescher Bün ofgetrueden an och, wann hien nach e Büro zu Bréissel an een zu Lëtzebuerg behält, esou ass et awer en neit Kapitel, dat sech opdeet.

Säi Liewen, déi Wäerter, déi hien schonn als jonke Mënsch gepräägt hunn, seng laang national an international Karriär, mat villen Anekdoten iwwert déi Grouss vun dëser Welt, säi Verhältnes zu de Medien oder den Zuelen, seng Methoden, fir ze schaffen a fir ze verhandelen, d’Héichpunkten an och d’Néierlagen... vum Groussen a Prinzipielle bis hi bei dat ganz Perséinlecht - alles dat erzielt eis de Jean-Claude Juncker am Interview.

Mä net just hie kënnt zu Wuert, och e puer vun deenen, déi laang Jore mat an ënnert him geschafft hunn, erënnere sech un de Jean-Claude Juncker als Mënsch an als Chef. Dir kënnt den Interview integral kucken oder awer eng Selektioun vun Aussoen uklicken zu verschiddenen Themen:

Wäerter

VIDEO: Wäerter
Am Interview mam Caroline Mart huet de Jean-Claude Juncker och iwwert Wäerter geschwat.

Do si Frënd a Feind sech eens: de Jean-Claude Juncker ass en aussergewéinleche Politiker, deem säin Talent och ganz fréi offensichtlech gouf, mat nach net grad 28 Joer Staatssekretär, net gewielt e Quereinsteiger, deen awer duerno ganz fest a laang am Suedel souz, mä ni vergiess huet, wou en hierkoum, nämlech am Schied vun der Schmelz, wou säi Papp geschafft huet. “Mäi Papp huet mir bäibruecht, dass Hierarchie eppes ass - wa se net spontan ass - eppes ass, wat net zu de Mënsche passt!” Säi Papp hat him d’Passioun fir Soziales vermëttelt: “Aarbecht ass méi wéi Aarbecht. Aarbecht ass e Stéck Liewen”. Selwer huet hien ëmmer vill geschafft.

Léierjoren

VIDEO: Léierjoren
De fréiere Premier iwwert seng Léierjoren.

Liewen als Politiker

VIDEO: Politiker sinn
De Jean-Claude Juncker iwwert d’Liewen als Politiker.

“Ech hunn als Gewunnecht ëmmer gehat, meng Dossiere genau ze studéieren. Ech war eigentlech och als Premier seele bei Firlefanz derbäi”, eng typesch Juncker-Remark. Iwwert sech schwätzen a gläichzäiteg vun aneren, vun deenen hie sech ofgrenzt, wat e méi wéi eemol mécht am Gespréich: “Et gëtt een net Minister fir sech selwer an et muss een et och bleiwen, och wann een eng Kéier manner Succès huet wéi bei anere Geleeënheeten.”

Walen 2013

VIDEO: Walen 2013
Wat denkt de Jean-Claude Juncker iwwer d’Walresultater vun 2013?

Hie wier net nodroend, seet e vu sech, mä de Mann mam Elefantegediechtnes huet d’Wale vun 2013 net verquësst: “Wann ee mat Ofstand déi stäerkste Partei ass, huet een d’Walen net verluer.” De Verrot vun der LSAP, d’Tatsaach, dass kee mat him geschwat huet, dat sëtzt bis haut déif an et geet esou wäit, dass e seet “Ech wollt Staatsminister bleiwen, wollt jo net Kommissiounspresident ginn. Ech hätt a menger Bio och léiwer gehat, ech wier nach 5 Joer Staatsminister bliwwen”.

Europa

VIDEO: Europa
De Jean-Claude Juncker iwwert Europa an europäesch Wäerter.

Hien huet déi grouss europäesch Tribün genoss an ze notze gewosst. Och aus déiwer Iwwerzeegung: “Europa bleift fir mech no, wéi fir eng Äntwert op den éiwegen europäeschen Dilemma Krich oder Fridden, dat ass net giess.”

Finanzen

VIDEO: Finanzen
De fréiere Premier iwwert d’Finanzen am Interview mam Caroline Mart.

Perséinleches

VIDEO: Perséinlech
De Jean-Claude Juncker iwwert säi Liewen.

Iwwer aner Politiker

VIDEO: Juncker iwwert aner Politiker
De fréiere Premier erzielt eis am Interview iwwert Treffe mat anere Politiker, dorënner dem Angela Merkel.

En zielt gär vun den aneren... “Mam Chirac hunn ech iwwert déi aner gelaacht, well hien dat gär hat, déi aner ze beschreiwen. D’Madamm Merkel mécht déi aner no, ouni se schlecht ausgesinn ze dinn. Si ass eng ‘begnadet’ Imitatorin”.

Sprooch a Spréch

VIDEO: Sprooch/Spréch
De Jean-Claude Juncker iwwert seng Spréch a seng Sprooch.

Stil

VIDEO: Stil
Iwwert dem Jean-Claude Juncker säi perséinleche Stil.

Zu sengem vill kommentéierten, ganz perséinleche Stil seet hien: “iergendwann hunn ech fonnt, ech wier lo ze al, fir mech total z’änneren”. Hie setzt seng direkt onkonventionell Aart bewosst a mat Succès a Verhandlungen an: “Ech kann den Här Trump jo net drun hënneren, vun Zäit zu Zäit richteg Asiichten ze hunn, an do hat en eng richteg.”

Methoden

VIDEO: Methoden
Op wéi eng Methoden huet hien an all deene Joren an der Politik zeréckgegraff?

Zukunft

VIDEO: Jean-Claude Juncker iwwert seng Zukunft
Huet de Jean-Claude Juncker scho Pläng fir d’Zukunft?

Hält hien elo definitiv op an der Politik oder kënnt de nationale Comeback? ”...soll een am Liewen ni resolut ausschléissen, mä dat maachen ech awer, ech hu meng Mëllech ginn!”

Aner Leit iwwert de Jean-Claude Juncker

VIDEO: Aner Leit iwwert de Jean-Claude Juncker
Wéi eng Erënnerungen hunn de Jean Asselborn, Charles Goerens an aner Leit un de fréiere Premier?

Charel Goerens, fréieren DP-Minister:“En ass en animal politique. Dat war, dat ass en, dat bleift en...”

John Castegnaro, fréieren OGBL-President:“Hien ass en Aarbechtsdéier”.

Fotogalerie

Back to Top
CIM LOGO