
Kuerz no der DP huet elo och d’LSAP hir Kandidatelëscht fir d’Gemengewalen zu Mäertert-Waasserbëlleg virgestallt. Spëtzekandidat ass de Buergermeeschter Jérôme Laurent, och d’Schäffe Lucien Bechtold an Nadine Boever ginn nach ee mol mat, grad wéi d’Conseillieren Nathalie Ludwig a Claude Franzen. Am Ganze si 6 Fraen a 5 Männer op der Lëscht, den Altersduerchschnëtt läit bei 48 Joer. D’LSAP huet aktuell d’absolutt Majoritéit zu Mäertert-Waasserbëlleg.