
Den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen huet den 18. Januar missen um Péitenger Policebüro aussoen. Dat well Plainte géint hie gemaach gouf an zwar vum Partei-President vun déi Konservativ Joe Thein. Et ass wuel eng lokal Affär, déi awer e groussen Debat iwwer d'Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg ausléise kéint.
De Joe Thein huet eng Plainte bei der Police gemaach, well den Deputéierte vun de Piraten de konservative Parteipresident direkt e puer Mol mam Begrëff "rietsextrem" a Verbindung bruecht hätt.
De Joe Thein: Fir mech ass eng Ënnerstellung vu Rietsextremismus géint eng demokratesch Partei ganz kloer eng Beleidegung. Dat ass wéi wann een engem seet "Du bass en A*********", an dann awer freet "majo ob een dat dann net anescht philosophesch kéint interpretéieren".
De Marc Goergen kontestéiert näischt. Hien a seng Partei wären hirer Meenung trei: Eiser Opfaassung no, sinn déi Leit, déi elo déi Plainte deposéiert hunn, éischter an engem rietsextreme Milieu unzegesinn, wéi datt se einfach nëmme riets wären. Deementspriechend muss et engem Politiker erlaabt sinn, fir dat och esou kënnen ze soen.
De Marc Goergen berifft sech op Recherchë vum Blogger Maxime Weber, deen de Konservative reprochéiert Zitat "rietsextrem" Memberen ze hunn.
De Joe Thein: Jo, et ass ëmmer deen een oder anere Member vun där Gesamtzuel u Memberen, déi sech an eng Partei veriert mat deenen Tendenzen. Dat ass kloer. Mä mir hu Statutten an e Walprogramm un déi sech Memberen ze halen hunn.
Déi Konservativ hunn eng 100 Memberen.
Ausso géint Ausso an enger Affär mat Ursprong am Juni zejoert an op den éischte Bléck lokalem Charakter. D'Fro, déi doraus entsteet, ass awer pertinent. Mir si beim Affekot François Moyse, een Expert a sou Froen. Wat däerf an engem politeschen Debat gesot ginn? Ass de Gebrauch vum Begrëff "rietsextrem" strofbar?
De François Moyse: Dat Wuert ass jo awer relativ générique. Dat heescht, dat gëtt oft am politeschen Debat benotzt. Menger Meenung no, ass et net evident, dass do e Geriicht kéint fannen, dass do de Code pénal do violéiert gi wär.
Fir den Deputéierte Marc Goergen ass et kloer: D'Land hätt e Problem, wann dës Affär viru Geriicht tranchéiert misst ginn.