Benoit XVIDe Kardinol Jean-Claude Hollerich ass um Begriefnis vum emeritéierte Poopst

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gëtt de Poopst Benoit XVI begruewen. De Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich wäert un der Zeremonie deelhuelen.
© afp

De Vatikan huet iwwerdeems wësse gedoen, dass den emeritéierte Poopst soll begruewe ginn, séi en aktuelle Poopst. D’Zeremonie soll just vereenzelt adaptéiert ginn.

E Mëttwoch den Owend gëtt den emeritéierte Pontifex an e Sarg geluecht. Bis dohi bleift hien am Péitersdoum opgeboort, wou Gleeweger him dann perséinlech kënnen Äddi soen.

D’Mass en Donneschdeg op der Péitersplaz gëtt vum Poopst Franziskus gehalen.

Back to Top
CIM LOGO