D’Police huet de Schwéiertransport eskortéiert, wéi et erop an d’Uewerstad goung. Bei der Rue Willy Goergen war een éischte kruziale Moment: En delikat Manöver, wou d’Chauffeuren hu missen dréien, fir 350 Meter wäit am Réckgang iwwert d’Rue du Fossé op de Knuedler ze fueren.
Eng Millimeteraarbecht war och vum Kran-Chauffeur gefrot. Bis op bal 40 Meter war de Kran erausgefuer, fir déi 10 bis 12 Meter laang Beem vum Camion erof an dunn héichkanteg duecht d’Luucht an de Bac ze hiewen.
Ugangs wollt een déi al Platanen nees verplanzen, mä dem Charel Faust vum Departement arboricole vum Service des Parcs no, hätt een déi net méi esou einfach kënnen an de Bac setzen.
Déi nei Platane si méi kompakt a passen och vun den Dimensiounen hier perfekt. Déi viregt Platane stinn aktuell nach an der Bamschoul am Rollengergronn, kréien awer deemnächst och eng nei an definitiv Plaz an der Stad.
Der Buergermeeschtesch Lydie Polfer no wär de Budget vun 28,8 Milliounen agehale ginn. Virgesi war dësen net just fir d’Installatioun vun de Beem, mä och fir d’Paweesteng aus Bayern, e Sprangbuer, eng Spillplaz an den néie Mobilier. Virop gouf awer och un den Infrastrukturen ënnert dem Buedem geschafft.
Reseau-technesch sinn iwwer 11 Kilometer Leitungen a Kanäl bannent 21 Méint geluecht ginn, déi den Accès u Gas, Elektresch a Waasser fir déi sëllege Manifestatiounen an Zukunft vereinfachen. D’Aarbechte waren néideg, well et virdru Problemer mat Infiltratiounen am Parking ënnendrënner goufen.
D’Statu vum Wëllem ass elo vu 16 Beem ëmginn. Et handelt sech ëm zwou Platanenzorten, déi och méi waarm Summere gutt iwwerstoen dierften. Si kommen aus dem Mediterrane Raum, wou se dacks op den zentralen Duerfplazen ze fanne sinn.
De 24. November fänken dann och d’Winterlights an der Stad un.